Internationale Futtball Manchester United wënnt a leschter Minutt

Atlético kënnt zu Léganes net iwwer een 1:1 eraus, Inter Mailand iwwerrennt Genua mat 5:0.

An den europäeschen Top-5-Ligen gouf um Samschdeg och Fussball gespillt. Enner anerem ware Manchester United, Real Madrid an Inter Mailand am Asaz.

Premier League
Bournemouth - Manchester United 1:2

Zu Bournemouth ass et fir Manchester United drëms gaangen, fir an der Course ëm déi europäesch Plazen den Uschloss net ze verléieren. An der 11. Minutt war et awer de Wilson, deen d'Red Devils geschockt hat, dëst no enger Pass an de Strofraum vum Stanislas.

An der 35. Spillminutt konnt de jonke Martial no enger Pass an de Réckraum vum Alexis Sanchez fir den 1:1 suergen. An engem ausgeglachene Match huet et da bis déi 92. Minutt gedauert, éiert de Rashford seng Faarwen erléise konnt an de Ball aus kuerzer Distanz am Filet versenke konnt.

Um Enn wënnt Manchester United mat 2:1 zu Bournemouth.

Arsenal - Liverpool 1:1


Am Spëtzematch vun der Premier League gouf et tëscht dem FC Arsenal an dem FC Liverpool kee Gewënner. Arsenal hat iwwer wäit Strecken zwar méi Ballbesëtz, ma et war de Milner an der 61. Minutt, deen den 1:0 fir d'Reds schéisse konnt. Um Enn war et dann de Lacazette, deen de verdéngte Remis befestegt, dëst nodeems hien an der 82. Minutt aus spatzem Wénkel den 1:1 schéisse konnt.

Um Enn bleift et also beim Remis am Spëtzematch.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1
Lyon - Bordeaux 1:1

An der franséischer Ligue 1 Waren et d'Haushären, déi mat 1:0 a Féierung goe konnten, dëst duerch den Aouar, deen eng flank vum Fekir direkt an de Filet setze konnt.
Bordeaux hat iwwert de Match gesinn méi vum Spill an hat och déi besser Golgeleeënheeten, ma et huet awer bis zur 73. Minutt gedauert, éiert de Cornelius den 1:1 fir d'Gäscht schéisse konnt.
Um Enn war et och beim 1:1 bliwwen.

Reims - Monaco 1:0

Och mam Thierry Henry als Trainer kënnt den AS Monaco net aus dem Tabellekeller eraus. Zu Reims gouf et um Enn eng 0:1 Néierlag, dëst duerch ee Gol vum Cafaro an der 24. Minutt. An der 49. krut de Romão déi rout Kaart no engem Foul, sou dass Monaco an Iwwerzuel war. Ma och déi Iwwerzuel konnte si net ausnotze, ënner anerem och well de Pelé an der 71. Minutt och vum Terrain misst.
Um Enn verléiert Monaco mat 0:1 zu Reims.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga
Leganés - Atlético Madrid 1:1

De klore Favorit aus Madrid ass um Enn bei Leganés net iwwer een 1:1-Remis erauskomm. Den Tabellen-18. huet doheem probéiert, sech wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig ze sécheren. Et huet och bis déi 69. Minutt gedauert, éiert den Antoine Griezmann mat engem super Fräistouss fir d'Féierung gesuergt hat. De Carrillo konnt an der 82. Spillminutt d'Iwwerraschung da perfekt maachen, dëst mat sengem Gol aus spatzem Wénkel. Um Enn ass et dann och beim 1:1 bliwwen.  

Real Madrid - Valladolid 2:0

Real Madrid war doheem géint Valladolid gefrot, fir sech aus hirer Kris ze befreien. Trotz enger optescher Iwwerleeënheet wat de Ballbesëtz an d'Schëss ugeet, huet et bis zur 83. Minutt gedauert, éier d'Männer vu Madrid a Féierung konnte goen. Et war allerdéngs ee Selbstgol vum Kiko, deen de Ball ofgefälscht hat.

An der 88. Minutt war et dann de Kapitän vu Madrid, de Ramos, dee fir d'Entscheedung mat engem verwandelten Eelefmeter suerge konnt. Um Enn wënnt Madrid mat 2:0 géint Real Valladolid.

Vallecano - Barcelona 2:3

Barcelona konnt sech no engem gudde Stéck Aarbecht géint Vallecano duerchzesetzen. Nodeems de Suarez an der 11. Minutt fir den 1:0 fir d'Katalane gesuergt hat, war et an der 35. Minutt de Pozo, deem den Ausgläich gelonge war.

No der Paus huet et no enger fauschtdécker Iwwerraschung ausgesinn, dëst well de Garcia an der 57.Minutt  fir Vallecano getraff hat. An der 87. Minutt konnt den Dembélé awer nach den 2:2 schéissen, éier et dem Suarez an der 90. Minutt nach gelonge ass, den 3:2 ze maachen, a seng Faarwen domat als Gewënner vum Terrain goen ze loossen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A
Inter Mailand - Genua 5:0

De Favorit vu Mailand ka sech doheem kloer an däitlech duerchsetzen. D'Haushären hu vun Ufank u gewisen, dass si déi dräi Punkten doheem hale wollten. An der 14. Minutt war et dann de Gagliardini, deen d'Féierung schéisse konnt. Nëmmen zwou Minutten duerno war et dann de Politano, deen de Ball aus kuerzer Distanz eleng laanscht de Golkipp leeë konnt. An der 49. Minutt konnt de Gagliardini säin zweete perséinleche Gol markéieren. An der Nospillzäit huet Inter den Tempo dann nach eng Kéier ugezunn an de Mario konnt aus ronn 16 Meter fir de 4:0 suergen. De Schlusspunkt an der Partie war an der 5. Minutt vun der Nospillzäit da fir de Nainggolan, dee mat engem Kappball fir de 5:0 suerge konnt. Um Enn wënnt Inter Mailand also däitlech mat 5:0 géint Genua.

Juventus - Cagliari 3:1

Nodeems den Dybala no net emol enger Minutt den 1:0 schéisse konnt, huet alles duerno ausgesinn, dass den italienesche Champion déi dräi Punkte kann doheem behalen. An der 36. Spillminutt konnt de Joao Pedro allerdéngs ausgläichen. Nëmmen 2 Minutte méi spéit hat de Bradaric eng flaach Pass an de Strofraum an den eegene Gol deviéiert, sou dass d'Juve erëm a Féierung war.

De Schlusspunkt huet dunn an der 87. Minutt de Cuadrado gesat, dëst no enger Virlag vum Ronaldo no engem Konter. Um Enn wënnt de Favorit aus Turin mat 3:1 géint Cagliari.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.