FOTOEN a VIDEOEN: Basket D'Etzella klappt d'Sparta mat 88:68

De Racing wënnt géint d'Musel Pikes, Steesel wënnt no engem 24:3-Laf géint d'Fiels.


Häre-Basket
Etzella Ettelbréck - Sparta Bartreng 88:68

E Sonndeg stoung nach ee Match um Programm, hei krut d'Ettelbrécker Etzella Besuch vun der Sparta Bartreng. An et waren d'Haushären, déi d'Heft an d'Hand geholl hunn an direkt gutt an de Match gestart sinn, dat mat engem 5:0-Laf. D'Etzella huet an der Offensiv gutt harmonéiert an hunn als Ekipp gutt funktionéiert. Den éischte Véierel hu si komplett dominéiert, och wann d'Ekipp vu Bartreng sech net opginn huet. Nom éischte Véierel louch d'Sparta mat 24:30 hannen.

Du si si awer mat engem 7:0 an den zweete Véierel gestart, fir d'Féierung ze iwwerhuelen. An dësem Véierel ass den Ettelbrécker net wierklech eppes gelongen, si hunn an der Offensiv kaum de Kuerf getraff an hunn der Sparta esou den Terrain iwwerlooss. An der Paus war d'Sparta Bartreng also mat 45:40 vir.

D'Etzella wollt virum wichtege Match nächst Woch géint d'Amicale vu Steesel awer net Plomme loossen an esou hu si am drëtte Véierel esou richteg ugerappt. Si konnte ganz séier e puer Punkte maachen an hu gutt verteidegt. D'Haushäre waren an dëser Phas esou dominant, dass d'Sparta sech immens beandrockt gewisen huet, well deenen ass guer näischt méi gelongen. Esou konnt D'Etzella een onheemleche 25:2-Laf realiséieren.

Mat 13 Punkten Avance ass d'Etzella an de leschte Véierel gaangen. Och an dësem Schlussvéierel huet d'Etzella dominéiert a si konnten hir Avance esouguer ausbauen, esou dass si sech um Enn mat 88 op 68 kënnen duerchsetzen, dat wéinst enger ganz staarker zweeter Hallschent.

Racing - Musel Pikes 88:77

D'Gäscht vun de Musel Pikes ware besser an d'Partie koum, sou dass et no gutt 7 Minutte schonn 22:13 aus hirer Sicht stoung. Duerno war de Racing awer besser an d'Partie koum a sou stoung et nom éischte Véierel just nach 21:24 aus der Sicht vun den Haushären.

Am zweete Véierel war de Racing dann endgülteg an der Partie ukomm a konnt sech bis zur Halbzeit souguer ee Virsprong vun zwee Punkten erausspillen, sou dass et mam Score vu 46:44 an d'Paus gaange war.

No der Paus hunn d'Musel Pikes da missen ofrappe loossen, an de Racing mat ënner anerem dem Shannon Hale an dem Steven Mersch sou wéi dem Scott Morton, déi allen Dräi ronn 20 Punkten oder méi um Enn ze verzeechnen haten, konnt sech am drëtte Véierel mat 67:57 eng 10-Punkten-Avance erausspillen.

Dës Avance hu si sech bis zum Enn vun der Partie och net méi huele gelooss, sou dass et um Enn 88:77 fir de Racing stoung.

Fiels - Steesel 65:99

D'Amicale vu Steesel ass ganz staark an d'Partie komm, sou dass et no engem 24:3-Laf an den éischte 6 Minutte scho kloer war, dass Steesel wäert als Gewënner vum Parquet goen. Nom éischte Véierel stoung et souguer scho 40:5 fir d'Gäscht.

Bei der Arantia Fiels ass weder offensiv nach defensiv eppes zesummegelaf. Am zweete Véierel huet d'Arantia aus der Fiels sech licht gestäerkt presentéiert, ouni de Virsprong vu Steesel awer a Gefor ze bréngen, sou dass et mat 65:26 fir de Champion an d'Paus gaangen ass.

D'Fiels ass gutt aus der Paus komm, ma de Réckstand, dee se zu dem Zäitpunkt schonn haten, huet nach ëmmer enorm geschéngt. Am drëtte Véierel war et awer méi een ausgeglachen Match, sou dass de Virsprong vun der Amicale net méi ugewuess ass. Et ass mat 49:85 aus Sicht vun den Haushären an de leschte Véierel gaangen.

Ugefouert vum Jeffrey Le Roy Early Jr., dee 25 Punkte maache konnt, huet sech Steesel d'Avance net méi huele gelooss, sou dass et mat 99:65 fir déi Steeseler op en Enn gaangen ass.

Basket Esch - T71 Diddeleng 99:88

An engem gréisstendeels ausgeglachene Match war et den T71, dee sech no 5 Minutten mat 4 Punkten ofsetze konnt. Dëst hat sech bis zum Enn vum éischte Véierel awer nach geännert, dëst well d'Haushäre méi staark gi sinn a sech no 10 Minutte beim Stand vu 26:21 ee 5-Punkte-Virsprong erausgespillt haten.

Am zweete Véierel war et weiderhin eng ausgeglache Partie, sou dass sech bis zur Paus kee wäit ofsetze konnt. Zur Halbzeit stoung et 49:42 fir d'Haushäre vun Esch.

Am drëtte Véierel war de Match weiderhin ausgeglach, sou dass et dem T71 net gelongen ass, de Réckstand opzehuelen a soumat goung et mat 73:67 an ee spannende leschte Véierel.

Am leschte Véierel waren déi Diddelenger kuerzfristeg 79:77 a Féierung, ma de Basket Esch konnt den Tempo nach eng Kéier unzéien, sou dass et um Enn 99:88 fir de Basket Esch stoung.

Walfer - Kordall Steelers 83:79

Walfer wënnt am Härebasket 83:79 géint d'Kordall Steelers (04.11.2018)
Um 7. Spilldag hat Walfer virun den eegene Spectateuren d'Partie géint de Kordall am Grëff.


Zu Walfer waren et d'Haushären, déi besser aus der Kabinn komm sinn. No den éischten 10 Minutte stoung et soumat och 30:18 fir Walfer, déi virun allem offensiv eng gutt Leeschtung gewisen hunn.

Am zweete Véierel sinn d'Gäscht vun de Kordall Steelers awer besser an de Match komm sou dass et hinne gelongen ass, de Virsprong lues a lues ze verklengeren. Zur Paus stoung et soumat 50:42 fir d'Residence vu Walfer.

No der Paus huet Walfer den Tempo verschäerft, sou dass hir Avance op d'Kordall Steelers lues a lues ëmmer méi grouss ginn ass. Beim Score vu 67:54 ass et dunn an de leschte Véierel gaangen.

Am leschte Véierel hunn d'Kordall Steelers et nach eng Kéier probéiert, ma um Enn wënnt Walfer awer knapp mat 83:79.



LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Damme-Basket
Wolz - Steesel 64:68

Konter - Musel Pikes 67:78


Basket Esch - T71 Diddeleng 71:85

Etzella - Sparta Bartreng 74:69
FOTOGALERIE vum Maya Straus (Etzella-Sparta)


LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.