Rallye CondrozCo-Pilot stierft bei uergem Accident

E Samschdeg war de Skoda Fabia R5 vum Pilot Steve Matterne a sengem Co-Pilot Rik Vanlessen vun der Strooss ofkomm.

© Twitter Michiels Thomas
Bei der Rallye Condroz gouf et e Samschdeg en déidlechen Accident während der 6. Spéciale. De Pilot Steve Matterne war bei héijer Vitesse mat sengem Auto vun der Streck ofkomm a war an een elektresche Potto gerannt.

De Co-Pilot Rik Vanlessen gouf beim Accident esou schwéier blesséiert, datt hien nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen ass. De Steve Matterne gouf och beim Accident blesséiert, ma et besteet keng Liewensgefor.




Et ass den éischten déidlechen Accident beim belsche Rallye Championnat zënter der Rallye Bocholt 2012.

Nom déidlechen Tëschefall hunn d'Organisateuren decidéiert, datt d'Rallye trotzdeem weider geet.