Cyclocross-EMTitel fir Annemarie Worst, Christine Majerus kënnt op déi 16. Plaz

Fir d'Christine Majerus sollt et e Sonndeg näischt gi mat enger Medail bei den Europameeschterschaften am Cyclocross.

© pressphoto Archiv
Zu s'Hertogenbosch an Holland goufen de Weekend an de verschiddene Kategorien déi nei Europameeschteren am Cyclocross gesicht. Lëtzebuerg war bei de Junioren, den Espoiren a bei der Elite vun den Damme vertrueden.

Bei den Hären huet de Mathieu Van der Poel aus Holland sech den Titel geséchert. Um Podium stoungen nach déi zwee Belsch Wout van Aert a Laurens Sweeck.

1 VAN DER POEL Mathieu NED 1:02:35
2 VAN AERT Wout BEL + 0:14
3 SWEECK Laurens BEL + 0:18
4 VANTHOURENHOUT Michael BEL + 0:30
5 AERTS Toon BEL + 0:33
6 VAN DER HAAR Lars NED + 0:37
7 NIEUWENHUIS Joris NED + 1:08
8 HERMANS Quinten BEL + 1:13
9 VERMEERSCH Gianni BEL + 1:15
10 SOETE Daan BEL + 1:16

Bei den Damme kënnt d'Christine Majerus op déi 16. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten an 53 Sekonnen. Europameeschterin gëtt d'Annemarie Worst aus Holland. Si hat um Enn 2 Sekonnen Avance op hir Landsfrae d'Marianne Vos an Denise Betsema. Deemno hunn d'Hollännerinnen e Sonndeg komplett dominéiert.

1 WORST Annemarie NED 0:40:24
2 VOS Marianne NED + 0:02
3 BETSEMA Denise NED + 0:02
4 CANT Sanne BEL + 0:10
5 VAN LOY Ellen BEL + 0:31
6 SELS Loes BEL + 0:37
7 ARZUFFI Alice Maria ITA + 1:08
8 BRAMMEIER Nikki GBR + 1:16
9 WYMAN Helen GBR + 1:21
10 VERDONSCHOT Laura BEL + 1:26

Bei den Espoiren ass de Misch Leyder op déi 34. Plaz gefuer. De Lëtzebuerger hat e Réckstand vu 4 Minutten a 54 Sekonnen op den Europameeschter Thomas Pidcock aus Groussbritannien. D'Éiereplaze ware fir den Eli Iserbyt aus der Belsch an den Antoine Benoist aus Frankräich.

1 PIDCOCK Thomas GBR 0:50:22 (24,963 km/h)
2 ISERBYT Eli BEL + 0:30
3 BENOIST Antoine FRA + 0:45
4 TURNER Ben GBR + 1:02
5 MEIN Thomas GBR + 1:10
6 BONSERGENT Maxime FRA + 1:12
7 KIELICH Timo BEL + 1:14
8 VAN DER STEGEN Roel NED + 1:27
9 DEKKER Jens NED + 1:32
10 ROUILLER Loris SUI + 1:33

Bei de Junioren ass de Loïc Bettendorf als beschte Lëtzebuerger op déi 35. Plaz komm. Hien hat e Réckstand vun 3 Minutten an 8 Sekonnen op den neien Europameeschter Pim Ronhaar aus Holland. Um Podium stoungen nach déi zwee Belsch Witse Meeussen an den Thibau Nys.

De Mik Esser kënnt um Enn op déi 50. Plaz op knapp 5 Minutten an de Pablo Blatt gëtt de 55. op iwwer 6 an eng hallef Minutt.

1 RONHAAR Pim NED 0:44:53 (24,032 km/h)
2 MEEUSSEN Witse BEL + 0:14
3 NYS Thibau BEL + 0:21
4 VERMOOTE Jelle BEL + 0:21
5 TOUPALÍK Jakub CZE + 0:26
6 HUYBS Ward BEL + 0:27
7 VERBURG Luke NED + 0:32
8 LINDNER Tom GER + 1:05
9 VERVOORT Wout BEL + 1:12
10 CORTJENS Ryan BEL + 1:14

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.