FuttballUNA Stroossen trennt sech vum Grégory Adler

D'UNA Stroossen huet sech vun hirem Spiller, dem Grégory Adler getrennt.

© RTL Archivbild
Dat huet de Veräin aus der Ieweschter Divisioun vum nationale Futtballschampionnat e Méindeg den Owend an engem Communiqué bekannt ginn. Hie géif an Zukunft net méi den Trikot vum Veräin droen. D'Ursaach, firwat sech d'UNA Stroossen mat Effet immédiat vum Spiller getrennt huet, gouf net am Communiqué genannt. Wéi d'Wort schreift, wieren Differenzen tëscht dem Grégory Adler an dem Trainer Manuel Correia ze grouss gewiescht.