FuttballMetz bleift Tabelleleader trotz Defaite géint Auxerre

An der franséischer Ligue2 verléiert den FC Metz um Méindeg den Owend iwwerraschend 0-1 géint Auxerre.

Trotz dëser Defaite sinn déi Metzer weiderhin Tabelleleader a kommen op 31 Punkten, viru Brest mat 27 a Lens mat 26 Punkten.

Am Asaz war um Méindeg och de Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans, allerdéngs just déi éischt Halbzeit.