No Suspendéierung vum Joe FrisingEsposito spillt am Championnat a Bonnefoi an der Europa League

Deen een ass blesséiert, deen anere suspendéiert, nach en aneren net spillberechtegt, an op eemol muss e jonke Kärel an den Asaz.

© pressphoto Archiv

Sou ass et am Moment beim Futtball-Champion F91 op der Golkipp-Positioun. An der Europa-League-Qualifikatioun huet sech de Jonathan Joubert d'Schinnebeen am Allersmatch géint Cluj no engem iwwerdriwwene Foul vun engem Géigespiller gebrach. D'Nummer 1 ass am Moment am Opbau, den Diddelenger Trainer Dino Toppmöller betount, dass de Jonathan Joubert op engem gudde Wee ass, ma e géing nach net mat der Ekipp trainéieren. Den Dino Toppmöller hofft awer, dass säi Kapitän dës Saison nees spille kann, trotzdeem wéilt ee keng onnéideg Risiken agoen.

Golkipp-Situatioun beim F91/Reportage Franky Hippert

Den Dënschdeg de Moien nach huet eis den Jonathan Joubert gesot, datt hien e Freideg nees an d'Röntgen geet an eréischt duerno een eng méi genee Zäitschinn kann opstelle fir de Retour.

Zanter e Freideg ass jo gewosst, datt d'Nummer 2, de Joe Frising aus disziplinaresche Grënn suspendéiert ass. Bis de Wanter op d'mannst wéilt een et elo emol esou bäibehalen, dass de Joe Frising net um Diddelenger Training an och net u Matcher dierf deelhuelen. An dono misst een da kucken, wéi et virugeet.

D'Grënn si jo: fir d'xte Kéier ze spéit kommen an nom Jeunesse-Match Wuertgefechter mam Trainerstaff.

De Landry Bonnefoi, deen aktuell net fir den nationale Championnat spillberechtegt ass, steet dann elo emol sécher en Donneschdeg a Griicheland géint Piräus tëscht de Pottoen. Am Championnat dierft den Dino Toppmöller bis op Weideres op den Enzo Esposito zeréckgräifen. Den 20 Joer ale Golkipp aus der eegener Jugend vum F91 hat e Sonndeg zu Rëmeleng seng Premiere an der BGL Ligue. Fir hie war et eng Freed tëscht de Pottoen ze stoen. Op alle Fall hätt hie säi Bescht ginn.

D'Situatioun beim F91 ass jo esou wäit bis d'Wanterpaus kloer, datt den Esposito, bis de Joubert nees fit ass, an den nationale Kompetitioune spillt. An an der Europa League gëllt dat nämmlecht fir de Bonnefoi, dee jo no der Blessur vum Joubert nach engagéiert gouf.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.