HärenhandballKäerjeng klappt Péiteng mat 42 op 33

En Dënschdeg den Owend war nach eng Nodrospartie vum 5. Spilldag am nationalen Handballchampionnat bei den Hären.

Hei krut den amtéierende Champion HB Käerjeng et mam Tabelleleschte vu Péiteng ze dinn. Nodeems Péiteng d'lescht Joer nach an der Finall vun der Coupe stoung, kréie si dëst Joer net wierklech e Fouss op de Buedem a stinn no 5 Matcher nach ouni Victoire do.

No de Victoirë géint Dikrech, Bierchem a Schëffleng an den Néierlage géint d'Red Boys an Esch wollt den HB Käerjeng en Dënschdeg den Owend déi véiert Victoire vun der Saison hunn ...

... an dat ass och gelongen, well déi Käerjenger konnt se kloer mat 42 op 33 géint Péiteng duerchsetzen.

Péiteng bleift domat d'Schlussliicht vun der Tabell, mat nach ëmmer kengem Punkt um Kont.

Käerjeng huet där elo 8 a steet op der 4. Plaz, mat zwee Punkte Réckstand op de Leader vun Esch.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.