ALL GOL AM VIDEO - Champions LeagueAtlético hëlt Revanche, Victoiren ë.a. och fir Schalke a Porto

Optakt en Dënschdeg den Owend vum 4. Spilldag an der Gruppephas vun der Futtball Champions League.

Liverpool ass zu Belgrad an d'Gette gaangen ...
Gespillt gouf an de Gruppen A bis D an do stécht besonnesch d'Defaite vu Liverpool zu Belgrad an d'A. Am aner Match an deem Grupp trenne sech Neapel an de PSG 1:1. Monaco geet doheem géint Bruges ënner an Atlético ka sech géint Dortmund revanchéieren. E Gläichspill dann tëscht Inter a Barça an Tottenham gewënnt in extremis nach géint de PSV. Méi kloer Victoirë gouf et vu Porto doheem géint Moskau a vu Schalke doheem géint Galatasaray.

CHAMPIONS LEAGUE: Resultater an Tabellen.


Grupp A
AS Monaco - Club Brugge 0:4
Atlético Madrid - Borussia Dortmund 2:0



Monaco hat e ganz schwaarzen Dag erwëscht, well d'Ekipp vum Trainer Thierry Henry louch ewell no 24 Minutte mat 0:3 géint Bruges hannen! Hans Vanaken an der 12. an op Eelefmeter an der 17. a Wesley an der 24. Minutt ... an d'Bir war geschielt! Well un deem Resultat huet sech näischt méi geännert, bis zu der 85. Minutt, wéi de Vormer souguer nach de 4:0 fir Bruges geschoss huet. Fir Monaco ass et ewell déi 14. Defaite hannereneen!



Am zweete Match vun deem Grupp konnt Atlético eng kleng Revanche huele fir déi batter 0:4-Defaite géint de BVB zu Dortmund. An der 33. Minutt huet de Saúl Ñíguez den 1:0 geschoss, an der 80. war et den Antoine Griezmann mam 2:0 ... wat zugläich déi éischt Defaite fir d'Borussen an der aktueller Saison war.

CL: D'Matcher aus dem Grupp A am Resumé (06.11.2018)
Monaco - Bruges 0:4 an Atlético - Dortmund 2:0

An der Tabell elo Dortmund an Atlético virop mat allebéid 9 Punkten, op Plaz 3 elo Bruges a ganz hanne Monaco.

Grupp B
Inter Mailand - FC Barcelona 1:1
Tottenham - PSV Eindhoven 2:1

De Grupp B war dee mat de spéide Goler um Dënschdeg den Owend: Esou war Eindhoven duerch e Gol vum Luuk de Jong an der 2. Minutt laang 1:0 vir, ma an der 78. an an der 89. Minutt huet den Harry Kane de Match gedréint an Tottenham dierf sech iwwer 3 Punkte freeën.

Spéit Goler och an der Partie Inter-Barça: De Gaascht ass an der 83. Minutt duerch de Malcom a Féierung gaangen, ma an der 87. konnt de Mauro Icardi ausgläichen. 1:1 no 90 Minutten.

CL: D'Matcher aus dem Grupp B am Resumé (06.11.2018)
Inter Mailand - Barcelona 1:1 an Tottenham - PSV 2:1


An der Tabell bleift Barcelona vir, dann den Inter, Tottenham an op der leschter Plaz de PSV.

Grupp C
Roude Stär Belgrad - Liverpool 2:0
SSC Neapel - Paris Saint-Germain 1:1

CL: Grupp B - Roude Stär Belgrad-Liverpool (06.11.2018)
2:0 kann de Roude Stär sech dach e bëssen iwwerraschend behaapten.


Kee gudden Dag fir de Jürgen Klopp, dee mat sengem Liverpool FC 0:2 zu Belgrad verléiert. Matchwinner fir de roude Stär war de Milan Pavkov, dee mat Goler an der 22. an an der 29. fir den Endscore vu 2:0 gesuergt huet.



Duerch dës dach iwwerraschend Defaite vu Liverpool war een nach méi gespaant op den Duell Neapel - PSG, dee goung mat engem Gläichspill aus: 1:1 stoung et um Enn. De Juan Bernat hat de PSG an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent a Féierung bruecht, mat de
Lorenzo Insigne konnt an der 63. no engem berechtegten Eelefmeter ausgläichen. Iwwerdeems Paräis en Iwwergewiicht an den éischte 45 Minutten hat, war Neapel an den zweete 45 kloer besser a war der Victoire och méi no wéi de PSG.

CL: Grupp B - Neapel-PSG (1. Hallschent) (06.11.2018)
An der Nospillzäit konnt de Bernat den 1:0 fir Paräis schéissen.

CL: Grupp B - Neapel-PSG (2. Hallschent) (06.11.2018)
De Lorenzo Insigne konnt an der 63. no engem berechtegten Eelefmeter ausgläichen.


Um Enn ass et beim 1:1 tëscht dem SSC an dem PSG bliwwen, vun der Liverpooler Defaite kann also keen esou ganz richteg profitéieren: Liverpool an Neapel hu 6 Punkten an de PSG huet de 5 a Belgrad huet der 4 ...

Grupp D
Porto - Lokomotiv Moskau 4:1
Schalke - Galatasaray 2:0

Kloer Resultater am Grupp D: Porto wënnt zu Moskau mat 4:1 a Schlake klappt bei sech doheem Galatasaray mat 2:0.

D'Goler fir Porto, wou et vill gereent hat: Héctor Herrera 2., Moussa Marega 42., Jesús Corona 67. an Otávio 90+3. An der 59. Minutt huet de Jefferson Farfán den Éieregol fir d'Lokomotiv geschoss.



Schalke huet seng Flicht gemaach an doheem 2:0 géint Galatasaray gewonnen, dat duerch e ganz fréie Gol vum Guido Burgstaller an der 4. an duerch ee vum Mark Uth an der 57.

CL: D'Matcher aus dem Grupp D am Resumé (06.11.2018)
Schalke - Galatasaray 2:0 a Porto - Lokomotiv Moskau 4:1.

An der Tabell gesäit et elo ganz gutt aus fir Porto (10 Punkten) a Schalke (8), Galatasaray huet der 4 a Moskau huet nach keen.

D'Matcher vum Mëttwoch den Owend
E Mëttwoch den Owend da sinn d'Gruppen E bis H drun:

Grupp E
Benfica Lissabon - Ajax Amsterdam
Bayern München - AEK Athen

Grupp F
Manchester City - Shakhtar Donezk
Olympique Lyon - TSG Hoffenheim

Grupp G
ZSKA Moskau - AS Roma (18h55)
Viktoria Pilsen - Real Madrid

Grupp H
Valencia - Young Boys Bern (18h55)
Juventus - Man. United

D'Partie tëscht Juventus Turin a Manchester United kënnt Dir e Mëttwoch den Owend live um 2. RTL an op RTL.lu kucken.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.