Europa LeagueBeim F91 ass ee sech bewosst, dass et ee schwéiere Match gëtt

Um Mëttwoch de Moie sinn d'Spiller vun Diddeleng a Griichenland geflunn, wou si um Donneschdeg op Olympiakos Piräus treffen.

© pressphoto
Scho kuerz viru 7 Auer sinn déi éischt Spiller um Findel agetraff, wat vun eise Reporter Gael Arellano an Tom Hoffmann agefaange konnt ginn.

F91 an der Europa League (07.11.2018)
Déi Diddelenger virum Depart


Am weidere Verlaf vum Dag hat den F91 ënnert anerem eng Visitt vun der Akropolis um Programm stoen.

FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny

E Mëttwoch den Owend um 21 Auer ass dann den Ofschloss-Training vun den Diddelenger.

Wat en Donneschdeg ubelaangt, muss den F91 dann nieft de blesséierte Spiller och nach op den Anis El Hriti verzichten. Den Diddelenger Spiller ass nämlech net mat a Griicheland geflunn, well seng Fra ee Kand erwaart. Do hat de Veräin natierlech Verständnis, dass den El Hriti op de Match verzicht. fir hie wäert en Donneschdeg den Owend wuel de Bryan Melisse oplafen.

Den Tom Schnell an den Dino Toppmöller am RTL-Interview (07.11.2018)
Beim F91 ass ee sech bewosst, dass et ee schwéiere Match gëtt.

Weider huet den Tom Schnell am RTL-Interview betount, dass een an de Match geet, fir dësen och ze gewannen, et wier ee sech nawell bewosst, dass et géing ee ganz schwéiere Match ginn.

Där Meenung war och den Diddelenger Trainer Dino Toppmöller, dee betount, dass d'Griiche sech nach ëmmer Hoffnunge maachen op ee Weiderkommen an deementspriechend motivéiert wäerten d'Spiller vu Piräus dann och optrieden.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.