ALL GOL AM VIDEO - Champions LeagueReal a Man. City wanne ganz héich, Man. United klappt d'Juve

Suite um Mëttwoch den Owend vum 4. Spilldag an der Kinneksklass vum europäesche Futtball mat Victoiren och fir d'Roma, Bayern a Valencia.

Nodeems d'Gruppen A bis D en Dënschdeg den Owend virgeluecht haten, waren e Mëttwoch den Owend d'Gruppen E bis H drun.

An do huet sech déi al Damm Juve doheem vu Manchester United iwwerrasche gelooss. Nodeems Juventus 1:0 vir war an och scho wesentlech méi wäit hätt kënnen oder misse fortzéien, koum United zeréck an huet d'Partie gedréit ... an ass nees am Geschäft!

Weider stieche vum 4. Spilldag an d'A déi ganz héich Victoirë vu City géint Donezk (6:0, allerdéngs mat engem total geschenkten Eelewer) a vu Real géint Pilsen (5:0).

CHAMPIONS LEAGUE: Resultater an Tabellen.

Hei drënner d'Resultater am Eenzelnen.

Grupp E
Benfica Lissabon - Ajax Amsterdam 1:1
Bayern München - AEK Athen 2:0

Benfica an Ajax deelen d'Punkten: Fir d'Portugisen huet de Jonas an der 29. getraff, fir d'Hollänner den Dušan Tadić an der 61. Benfica hëlleft dat net wierklech weider, well mat 4 Punkten ass e Weiderkomme wuel nach just theoretesch méiglech ... Ajax steet mat 8 Punkten op der zweeter Plaz vun der Tabell, elo hanner de Münchner, déi vun dem Gläichspill profitéiere konnten.



Zwee Lewandowski-Goler (an der 31. Minutt op Eelefmeter an an der 71. Minutt) kéinten dofir suergen, datt nees eng Grëtz Rou bei den FCB kënnt, wou et jo an der Lescht, esou hat een d'Gefill, e bëssen driwwer an drënner gaangen ass. Elo stinn d'Bayern am Grupp E op der éischter Plaz, dat d'Nerve jo bekanntlech berouegt an dem Trainer Kovac d'Liewe wuel och méi einfach mécht, ma iwwerzeege konnten déi Münchner awer net wierklech géint AEK Athen. Vum Notze vun de Chancë guer net ze schwätzen.

An deen nächste groussen Defi steet jo scho virun der Dier: An der Bundesliga geet et e Samschdeg géint den Tabellenéischte vun Dortmund. Duerno kéint d'Welt zu München schonn nees ganz anescht ausgesinn ...

CL - Grupp E: Resumé vun de Matcher (07.11.2018)
Bayern-AEK Athen 2:0 / Benfica-Ajax 1:1


Grupp F
Manchester City - Shakhtar Donezk 6:0
Olympique Lyon - TSG Hoffenheim 2:2

D'Ekipp vum Pep Guardiola huet kuerze Prozess gemaach mam Veräin aus der Ukrain: David Silva an der 13. Minutt, Gabriel Jesus an der 24. op (geschenkten!) Eelefmeter, Raheem Sterling an der 49., nach eemol Gabriel Jesus an nach eemol op Eelefmeter an der 72., Riyad Mahrez an der 84. an dunn nach eng drëtt Kéier de Gabriel Jesus an der Nospillzäit (92.) an du stoung et 6:0 fir City! Manchester verdeedegt domat déi 1. Plaz an der Tabell.



An der anerer Partie vum Grupp F si Lyon zwee Goler an der éischter Hallschent gelongen (Nabil Fekir 20. an Tanguy Ndombele 28.), fir um Enn awer net de ganzen Asaz géint d'Hoffenheimer ze kréien, obschonn déi zanter der 51. Minutt nach just zu 10 um Terrain stoungen. Ma den Andrej Kramarić huet an der 65. den 1:2 geschoss an an der 92. ass dem Pavel Kadeřábek souguer nach den 2:2 gelongen. D'Hoffenheimer hu gutt gekämpft a Lyon hat et verpasst, de Sak zouzemaachen.

CL - Grupp F: Resumé vun de Matcher (07.11.2018)
Manchester City - Donezk 6:0, Lyon - Hoffenheim 2:2


Grupp G
ZSKA Moskau - AS Roma 1:2
Viktoria Pilsen - Real Madrid 0:5

D'Roma kann zu Moskau géint ZSKA wannen. Den 1:0 fir Roum huet de Kostas Manolas scho fréi an der 4. Minutt geschoss, den Arnór Sigurdsson konnt an der 50. fir den tëschenzäitlechen Ausgläich suergen, ma de Lorenzo Pellegrini huet an der 59. dunn nees deen alen Ecart hiergestallt - dobäi ass et bliwwen: D'AS wënnt 2:1 bei ZSKA.



Real Madrid feiert e Gol-Festival zu Pilsen géint d'Viktoria, déi domat hirem Numm keng Éier gemaach huet. D'Goler: Karim Benzema an der 21. an an der 37., Casemiro 23., Gareth Bale 40. an Toni Kroos 67. Eng Victoire, déi ni a Gefor war.

CL - Grupp G: Resumé vun de Matcher (07.11.2018)
ZSKA Moskau - AS Roma 1:2, Pilsen-Real Madrid 0:5


An der Tabell si Madrid a Roum mat 9 Punkte virop, Moskau huet der 4, Pilsen 1.



Grupp H
Valencia - Young Boys Bern 3:1
Juventus - Man. United 1:2

Iwwerdeems et am fréie Match am Grupp H e logescht Resultat gouf, hat dee spéiden dach eng Iwwerraschung parat - ma der Rei no.

De Santi Mina


Valencia ka sech doheem, wéi erwaart, géint d'Young Boys vu Bern duerchsetzen. Um Enn gewannen d'Spuenier mat 3 zu 1. De Santi Mina huet an der 14. an an der 42. getraff, de Carlos Soler an der 56., fir d'Schwäizer war et just de Gol vum Roger Assalé an der 37. Minutt.

CL - Grupp H: Valencia-Young Boys (07.11.2018)
3:1 kënne sech d'Spuenier doheem géint d'Schwäizer duerchsetzen.


An der anerer Partie war et eng ganz gefälleg Ausernanersetzung tëscht Juventus Turin a Manchester United. An den éischte 45 Minutte war et e ganz flotte Match, och wa keng Goler gefall sinn: 0:0 stoung et an der Paus. Duerno war d'Spill manner elegant, dofir sinn awer impressionnant Goler gefall. De Ronaldo konnt d'Juve an der 65. Minutt mat engem genialen Direktschoss a Féierung bréngen, ma kuerz viru Schluss huet op eemol United zougebass an dat direkt zweemol! De Juan Mata trëfft an der 86. Minutt an an der 90. Minutt huet de Ball op en Neits am Filet vun der Juve gezappelt - um Enn gouf dat als Selbstgol vum Leonardo Bonucci gewäert.

Et war also wéi esou dacks: Wann s de deng Chancen net notz, gëss de um Enn bestrooft ... ma d'Juve bleift mat 9 Punkte vir an der Tabell, United huet der elo 7.

CL - Grupp H: Juventus-Man. United (1. Hallschent) (07.11.2018)
Eng flott Partie, awer keng Goler. 0:0 no 45 Minutten.

CL - Grupp H: Juventus-Man. United (2. Hallschent) (07.11.2018)
An den zweete 45 Minutte sinn d'Goler gefall an um Enn stoung et 2:1 fir United.



D'Resultater vum Dënschdeg
RTL-NEWS mat alle Goler vun den Dënschdesmatcher.

Grupp A

AS Monaco - Club Brugge 0:4
Atlético Madrid - Borussia Dortmund 2:0

Grupp B

Inter Mailand - FC Barcelona 1:1
Tottenham - PSV Eindhoven 2:1

Grupp C

Roude Stär Belgrad - Liverpool 2:0
SSC Neapel - Paris Saint-Germain 1:1

Grupp D

Porto - Lokomotiv Moskau 4:1
Schalke - Galatasaray 2:0

CHAMPIONS LEAGUE: Resultater an Tabellen.

De 5. Spilldag gëtt de 27. an 28. November gespillt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.