LIVESTREAM - Europa LeagueOlympiakos Piräus - F91 Diddeleng 5:1 no 90 Minutten

D'Partie tëscht Olympiakos Piräus an dem F91 Diddeleng vun 21.00 Auer u live um 2. RTL, op RTL.lu an op der App an natierlech och op Radio Lëtzebuerg.

© pressphoto/ Roland Miny

Um véierte Spilldag an der Gruppephas vun der Europa League spillt den F91 Diddeleng den Owend zu Athen de Retourmatch géint Olympiakos Piräus. Virun zwou Wochen haten déi Diddelenger am Allersmatch 0_2 verluer. Den Trainer Dino Toppmöller sot schonn am Virfeld, dass et eng schwéier Partie dierft ginn. D'Griiche setzen alles drun, fir en Tour weider ze kommen. Si kommen an der Tabell aktuell mat véier Punkten op déi drëtt Plaz. Déi Diddelenger kommen op déi lescht Plaz an hu bis ewell kee Punkt opweisen. Déi lescht 3 Partien hat den F91 verluer.

De Match tëscht Diddeleng an Olympiakos Piräus gëtt den Owend um 21 Auer zu Athen ugepaff a gëtt live vu 20.45 Auer un um zweete Kanal vun RTL Tëlee Lëtzebuerg an op RTL.lu iwwerdroen. Am selwechte Grupp wéi Diddeleng spillt den Owend och Betis Sevilla géint den AC Mailand.

Presentatioun a
Commentaire: Jeff Kettenmeyer a René Peters

Sender: 2. RTL
Ufank vun der Emissioun : 20h45
Ufank vum Match: 21h00
Viraussiichtlech Ënn vun der Emissioun: 23h15

Mir iwwerdroen op RTL.lu an iwwert d'Appen de Programm vum 2. RTL.



FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny

Och um Radio si mir live fir Iech mat dobäi.

Commentaire: Gilles Tricca

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

E Reportage wat d'Ekipp a Griichenland mécht, fannt dir bei eise Kollege vu 5Minutes.

EUROPA LEAGUE: Resultater an Tabellen