Am GespréichEléonora Molinaro

D'Tennisspillerin huet déi lescht Woch hire leschten Tournoi fir dës Saison gespillt. Fir si war et eng exzeptionell Saison.

D'Eléonora Molinaro am Gespréich (09.11.2018)
D'Tennisspillerin huet déi lescht Woch hire leschten Tournoi fir dës Saison gespillt. Fir si war et eng exzeptionell Saison.

Mir haten d'Eléonora Molinaro an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport dëse Freideg tëscht 12 an 13 Auer.

Déi 18 Joer jonk Spillerin vun der Schéiss huet dëst Joer 2 ITF-Tournoie gewonnen a konnt sech bei 4 internationale Junior-Tournoien an de Palmarès androen. Am WTA-Ranking huet sech d'Molinaro ëm 494 Plazen op d'382 verbessert. Bei de Juniorinne stoung si zu Roland Garros an der Véierelsfinall an huet sech an där Weltranglëscht bis op d‘Positioun 8 eropgeschafft gehat.

D'Eléonora Molinaro, déi e Freideg tëscht 12 an 13 Auer Invitée beim Franky Hippert a Gilles Muller war, war och déi éischt Lëtzebuerger Tennisspillerin, déi beim Junior-Masters dobäi war.

D'Eléonora Molinaro am Gespréich



D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.