VIDEOEN: Europa LeagueDiddeleng verléiert däitlech géint Olympiakos Piräus

Den F91 Diddeleng hat en Donneschdeg net de beschten Dag erwëscht. Um Enn musse si eng ganz batter 1:5-Néierlag géint Olympiakos Piräus astiechen.

© pressphoto
En Donneschdeg den Owend stoung fir den F91 Diddeleng de 4. Match an der Gruppephas vun der Champions League um Programm. Hei hu si missen a Griicheland reesen, fir géint Olympiakos Piräus ze spillen. Am éischte Match tëscht deenen zwou Formatioune gouf et eng 2:0-Victoire fir d'Griichen.

Nieft de blesséierte Jonathan Joubert a Kevin Malget huet den Trainer Dino Toppmöller en Donneschdeg och missen op den Enis El Hriti verzichten, deen net mat geflunn ass, dat well seng Fra ee Kand erwaart. Fir den El Hriti stoung dann och de Bryan Melisse um Terrain.

Wéi de Match dunn ugepaff gouf, huet een een Ament geduecht, dass déi Diddelenger sech en Donneschdeg den Owend géife gutt spieren, ma séier huet sech ee ganz battert Bild gewisen, well de Lëtzebuerger Champion  louch no nëmme 6 Minutte mat 0:1 hannen. An et sollt nach vill schlëmmer ginn, well de Fortounis an de Lazaros hunn d'Situatioun nach verschlëmmert an an der Paus stoung et schonns 0:4 aus Siicht vun der Ekipp aus der Forge du Sud.

An der zweeter Hallschent ass den Diddelenger zwar hiren éischte Gol schéissen, dat duerch den Danel Sinani, ma och d'Griiche konnten nach eemol zouschloen. Um Enn verléiert den F91 mat 1:5 an ass och fréizäiteg eliminéiert.

Diddeleng verléiert däitlech géint Olympiakos Piräus (09.11.2018)
Den F91 Diddeleng hat en Donneschdeg net de beschten Dag erwëscht. Um Enn musse si eng ganz batter 1:5-Néierlag géint Olympiakos Piräus astiechen.


An der Tabell steet Betis Sevilla op der 1. Plaz mat 8 Punkten. Hannendru komme Piräus a Mailand mat 7 Punkten an Diddeleng steet op der leschter Plaz mat 0 Punkten.

Den Dino Toppmöller iwwer d'Néierlag géint Olympiakos (08.11.2018)
Den Diddelenger Trainer Dino Toppmöller betount, dass een ze vill Feeler gemaach hätt, fir op deem Niveau ze bestoen.


Den Tom Schnell um Mikro vum Tom Hoffmann (08.11.2018)
Den Diddelenger Kapitän betount, dass si net zu hirem Spill fonnt hunn.


Den Danel Sinani um Mikro vum Tom Hoffmann (08.11.2018)
De Lëtzebuerger Nationalspiller schwätzt vun enger schwiereger Partie.


LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabelle vun alle Gruppen am Iwwerbléck

FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny


Resumé vum Match
Den F91 ass couragéiert an dës Partie gestart a wollt sech hei op kee Fall verstoppen. De Lëtzebuerger Champion hat och gutt Usätz gewisen an der Offensiv, esou hat de Couturier eemol de Sinani an d'Déift geschéckt, de stoung awer knapp am Abseits.

An der 6. Minutt haten d'Griichen dunn déi éischt ganz gutt Geleeënheet. De Ball koum an d'Mëtt, wou de Podence zum Ofschloss koum, ma Diddelenger konnten de Ball nach vun der Linn krazen. Beim uschléissende Corner war et dunn awer geschitt, de fréien 1:0, deen een onbedéngt evitéiere wollt. De Bonnefoi huet de Ball no enger Flank vum Podence erausgefauscht, ma dësen ass virun de Féiss vum Camara gelant, dee geschoss huet a kuerz virum Gol huet den Torosidis dem Ball nach déi entscheedend Richtung ginn, esou dass de Ball am Gol gelant ass.


Déi Diddelenger hunn nom Géigegol geschockt gewierkt, wat sech och duerch e puer Onsécherheeten an der Defense an am Opbauspill gewisen huet.

Piräus huet sech dunn och e bëssen zeréckgezunn an huet op Feeler vun den Diddelenger gelauert an déi gouf et. An der 15. Minutt konnte si dunn och den 2:0 markéieren. D'Griichen hunn ee Ball an d'Mëtt bruecht, wou den Tom Schnell an de Jerry Prempeh laanscht de Ball rennen an an hirem Réck war et de Fortounis, deen zum Schoss koum an den zweete Gol markéiere konnt.


Déi Diddelenger hunn onkonzentréiert gewierkt a goufen an der Ufanksvéierelsstonn hei haart bestrooft fir hir Feeler.

Den F91 hat definitiv net dee beschten Dag erwëscht, well no 26 Minutte stoung et dunn 3:0 fir d'Haushären. Nodeems den Dave Turpel de Ball op der Mëttellinn verluer huet, koum de Ball op déi riets Säit bei de Fortounis, deen eng Flank an d'Mëtt bruecht huet an do war et de Lazaros, deen de Ball op eng ganz spektakulär Aart a Weis am Gol konnt ënnerbréngen.


Bei den Diddelenger ass elo guer näischt méi gelongen. De Prempeh huet hannen an der Defense nees eng onnéideg Feelpass gemaach an de Lazaros koum direkt zweemol zum Schoss, mee béid Kéiere konnt den Tom Schnell op der Linn retten. Déi uschléissend Aktioun huet dunn awer zum 4:0 gefouert. De Podence huet de Ball héich an d'Mëtt bruecht an de Prempeh koum mam Kapp net un de Ball an hannert him huet de Fortounis gelauert, deen dunn och de Ball erkäppe konnt.


No 39 Minutte konnten d'Diddelenger dunn een éischt Schoss op de Gol vum José Sa ofginn, ma de Jordanov huet riicht op de Golkipp geschoss.

Eng Minutt méi spéit dunn déi bis dohinner beschten Aktioun vun de Lëtzebuerger. De Bryan Melisse ass gutt iwwer déi lénks Säit gaangen an huet de Ball op den zweete Potto bruecht, wou de Stolz de Ball esou just verpasst huet. Dëst sollt och mat déi lescht Aktioun an den éischte 45 Minutte sinn.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent (08.11.2018)
An der Europa league loung den F91 Diddeleng no 45 Minutte mat 0:4 bei Olympiakos Piräus hannen.

Direkt zum Ufank vun der zweeter Hallschent hunn d'Griichen dunn nees do viru gemaach, wou se opgehalen hunn. Ee wäite Ball no vir an d'Spëtzt huet nees fir Gefor gesuergt an de Ball, deen an d'Mëtt koum, konnt de Bonnefoi nëmmen no vir ofwieren, wou de Podence zum Schoss koum. Dësen ass allerdéngs iwwert de Gol gaangen.

D'Diddelenger kruten d'Griiche guer net ënner Kontroll an an der 51. Minutt hate si eng weider ganz gutt Chance. De Fortounis war am Strofraum net vum Ball ze trennen an um 16-Meter huet hien den Natcho fonnt, ma deem säi Schoss goung just knapps laanscht de Potto.

No enger Stonn huet de Landry Bonnefoi dunn eng ganz flott Parad missen auspaken. No engem Corner war nämlech de Cissé am héchste gesprongen an deem säi Kappball war och placéiert mat de Golkipp vum F91 krut seng Hand nach in extremis op déi richteg Plaz.

An der 64. Minutt war et dunn déi nächst geféierlech Offensivaktioun vun Olympiakos. De Podence gouf hei nämlech herrlech lancéiert an hie war a gudder Positioun, ma huet dunn ze laang gewaart a säi Schoss konnt geblockt ginn.

© pressphoto

3 Minutte méi spéit haten d'Griichen erëm ze vill Plaz virum Strofraum an do huet de Camara ee stramme Schoss ofginn, ma de Bonnefoi am Diddelenger Gol war nees séier ënnen, fir de Ball ze paréieren.

An der 69. Minutt war et dunn endlech esou wäit: den 1. Diddelenger Gol an der Gruppephas vun der Europa League. De Sinani gouf iwwer riets geschéckt, hien ass an d'Mëtt gezunn an huet hei mat engem stramme Schoss an de rietsen Eck op 1:4 verkierzt.


D'Freed beim F91 war awer net vu laanger Dauer, well nëmmen 2 Minutte méi spéit konnt Olympiakos eng 5. Kéier markéieren. De Fetfazidis huet aus 16 Meter op de Gol geschoss an et huet esou ausgesinn, ewéi wa kee méi um Ball gewiescht wier, ma den Hassan war awer nach drun, esou dass hien awer de Gol zougesprach krut.


Dono ass de Match e bëssen ofgeflaacht an all ze vill ass net méi geschitt. Déi beschte Chance gouf et nach eemol fir Olympiakos, dat duerch de Lazaros an der 89. Minutt. Hien hat sech gutt duerchgesat op der rietser Säit, mee de Landry Bonnefoi konnt op en Neits eng gutt Reaktioun weisen.

Och an deenen 3 Minutten, déi nogespillt goufen, ass näischt méi geschitt, esou dass Diddeleng um Enn mat 1:5 géint Piräus verléiert an domat och definitiv eliminéiert ass, heescht déi zwee lescht Matcher nach genéissen.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent (08.11.2018)
An der Europa League verléiert den F91 Diddeleng mat 1:5 géint Olympiakos Piräus.

Betis Sevilla - AC Mailand 1:0
An der Ufanksphas hu béid Ekippe sech gréisstendeels dorop konzentréiert, fir de Ball gutt duerch déi eege Reie lafen ze loossen. Déi éischt Chance goung op de Kont vum AC Mailand, dat a Persoun vum Hakan Calhanoglu. No 12 Minutten dunn awer de Schock fir den AC Mailand. De Junior gouf op der Säit lancéiert an huet de Ball perfekt an d'Mëtt bruecht fir de Lo Celso, deen den 1:0 markéiere konnt.

An de Gol huet de Spuenier Opwand ginn, well déi waren elo déi dominant Ekipp an hate 6 Minutten nom 1:0 eng weider ganz gutt Chance, déi se awer net notze konnten.

Dono huet Milan awer nees besser matgehalen an duerch de Kessié koumen och si zu enger gudder Chance. No 28 Minutten hätt et dunn awer kënnen 2:0 stoe fir Betis Sevilla. No enger gudder Flank vum Junior Firpo konnt de Sanabria net vun der gudder Chance profitéieren.

An der 35. Minutt huet de Pau Lopez du missen an Aktioun trieden, dat no engem weidere Schoss vum Calhanoglu.

An der zweeter Hallschent ass et dunn awer besser gelaf fir d'Gäscht aus Italien. No 62 Minutte konnte si nämlech ausgläichen an dat duerch een direkte Fräistouss vum Suso. De Ball ass zwar am Golkipp sengem Eck gelant, ma de Fräistouss war wuel net als direkte Schoss geduecht, et war just kee méi dru komm an do war wuel och de spuenesche Golkipp iwwerrascht.

De Pau Lopez krut elo ëmmer méi Aarbecht. An der 64. Minutt koum de Borini no enger gudder Kombinatioun iwwer Kessié a Suso un de Ball, ma hien ass um spuenesche Golkipp hänke bliwwen.

An der 85. Minutt hat Betis dunn nach eemol eng ganz gutt Chance a Persoun vum Junior Firpo, ma et sollt bis zum Enn beim 1:1 bleiwen.

Weider Resultater
Lazio Roum - Olympique de Marseille 2:1

An der éischter Hallschent war et ee relativ equilibréierte Match a béid Formatiounen hu sech kaum eppes geschenkt. Kuerz virun der Paus war et dunn awer de Schock fir d'Fransousen, do war et nämlech de Parolo, deen op Virlag vum Ciro Immobile den 1:0 markéiere konnt. D'Italiener si besser aus de Kabinne komm a konnten no 55 Minutten dunn och nach eng zweete Kéier zouschloen. Déi Kéier huet den Immobile de Ball preparéiert fir de Correa, dee markéiere konnt. 5 Minutte méi spéit konnt den Thauvin zwar nach op 1:2 verkierzen, ma bis zum Schluss sollt et dunn och bei dësem Resultat bleiwen, woumat de Finalist vum leschte Joer schonns fréizäiteg eliminéiert ass.

Apollon Limassol - Eintracht Frankfurt 2:3

Fir Frankfurt leeft et an der Europa League weiderhi ganz gutt. De 4. Match en Donneschdeg an och déi véiert Victoire fir de Bundesligist. No nëmmen 17 Minutten hat de Jovic si a Féierung bruecht. An an der zweeter Hallschent konnte si nach duerch de Sebastien Haller an de Gacinovic op 2:0, respektiv 3:0 stellen. An der Schlussphas war et dunn nach eemol knapp ginn, well de Stendera krut Giel-Rout a Limassol konnt duerch den Zelaya nach zweemol markéieren, ma een drëtte Gol sollt net méi geléngen.

Spartak Moskau - Glasgow Rangers 4:3

Een Offensivspektakel gouf et dann zu Moskau. Ganzer 7 Goler kruten d'Spectateuren hei ze gesinn. Glasgow hat de bessere Start erwëscht, dat duerch ee Selbstgol vum Eremenko. An der Halbzeit louchen d'Schotten dunn och mat 3:2 zu Moskau am Avantage. An der zweeter Hallschent waren d'Russen dunn awer déi besser Ekipp. An an der 58. an an der 59. Minutt hu si de Match zu hire Gonschte gedréint. Fir d'éischt konnt den Adriano zouschloen an nëmmen eng Minutt méi spéit och nach den Hanni, esou dass Moskau mat 4:3 gewënnt.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabelle vun alle Gruppen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.