Formel 1: GP BrasilienGlécklechen Erfolleg fir de Weltmeeschter Hamilton

Den alen an neie Weltmeeschter war zu Interlagos um Circuit dee séiersten. Hannert hie koum de Verstappen op d'Plaz 2 an de Räikkönen op déi 3. Positioun.

© afp
Weider Victoire fir den alen an neie Weltmeeschter Lewis Hamilton beim Grousse Präis vu Brasilien. Op déi zweete Plaz ass den Hollänner Max Verstappen gefuer, do hannendrun gouf et eng drëtte Plaz fir de Finn Kimi Räikkönen.

Beim Succès a Brasilien huet de Brit awer vun engem Feeler vum Verstappen profitéiert - hier war mam Ocon zesummegeroden. Ouni dëse Mini-Crash hätt wuel de jonken Hollänner am Red Bull déi zweetlescht Course vun der Saison fir sech entscheet.




De Sebastian Vettel hat näischt mam Ausgang vun dëser Course ze dinn, den Heppenhaimer koum um Enn op déi 6. Plaz.

Iwwerdeems konnt sech dem Hamilton säi Rennstall den Titel vum Konstruteur-Weltmeeschter opsetzen.




Resumé vun der Course
Bei der drëttleschter Course beim GP vu Mexiko konnt sech de Brit Lewis Hamilton fir déi 5. Kéier de Formel1-Titel sécheren. Elo bloufen nach zwou Courssen um Programm, bei deenen et drëms geet, wien ‘The best of the rest’ bei de Fuerer gëtt a wéi ee Rennstall nom Konstrukteur-Titel gräife kann.

Am Qualifying hu sech déi 4 Pilote vu Mercedes a Ferrari eng enk Course geliwwert. Um Enn konnt sech Lewis Hamilton d'Pole Position sécheren. De Mercedes-Pilot huet sech virum Sebastian Vettel op Ferrari behaapt an dat mat engem Ecart vu just 0,093 Sekonnen.

Aus der zweeter Rei sinn e Sonndeg de Valtteri Bottas op Mercedes an de Kimi Räikkönen um zweete Ferrari gestart. Mat dësen zwou éischte Reie goung et op de 4,3 Kilometer laange Circuit vum Autodromo José Carlos Pace zu Interlagos. 2016 gouf et deen eenzege Succès vum Lewis Hamilton op dësem Parcours, am vergaangene Joer war d’Victoire fir de Sebastian Vettel.

Dëst Joer sollt dat awer net de Fall sinn, well de Brit huet ënnert Beweis gestallt, datt hien aktuell a bestiechender Form ass, konnt awer vun engem Mini-Crash vum Verstappen un der Spëtzt profitéieren. De Start ass nach relativ roueg verlaf an no der 1. Ronn goufen et keng weider nennenswäert Changementer un der Spëtzt.




Duerno war virun allem de Max Verstappen op Red Bull aktiv a konnt direkt e puer vu senger Géigner iwwerhuelen. Fir de Sebastian Vettel huet dës Course net all ze gutt ugefaangen, hie gouf nämlech vu sengem Team-Komerod direkt am Ufank vun der Course ouni Gréisser Problemer iwwerholl an huet sech kënnen direkt ofsetzen.

De Verstappen huet dat alles net gekëmmert an de jonken Hollänner huet ëmmer méi Drock gemaach, deen dann och de Bottas ze spiere krut.




An der 40. Ronn krut hie souguer den Hamilton geknackt, dat no engem kuerz a knappen Iwwerhuel-Manöver aus dem Brit sengem Wandschied eraus. Hannendrun huet sech de Ricciardo a Vettel ee waarme Kampf ëm d'Plaz 5 geliwwert.




Du koum awer erëm scho bal typesch Aktioun vum Verstappen: amplaz mat Fangerspëtzegefill den Ocon z'iwwerhuelen, hu sech béid fréier Kollegen aus der Formel 3 ze pake krit, sou datt allebéid gedréint an dobäi vill Zäit verluer hunn. Si konnten allebéid zwar weiderfueren, mä dem Verstappen seng Chance op d'Victoire war futsch.

Mam Ausgang vun dëser Course hat de Vettel näischt méi ze dinn. Vir am Feld gouf weiderhin tëscht Hamilton, Verstappen, Räikkönen, Ricciardo a Bottas geraibert - d'Plaze fir de Podium waren also 5 Ronne viru Schluss nach net verginn.

De Ricciardo konnt nach in extremis virun de Bottas fueren - op den dräi Plaze vir sollt sech awer näischt méi änneren.




Elo geet et fir de Renn-Zirkus op déi leschte Course op Abu Dabi.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.