Rallye-WM an AustralienSebastien Ogier fir d'sechste Kéier Weltmeeschter

Dem franséische Ford-Pilot ass bei der Saisonsfinall an Australien d'Plaz 5 duergaang, fir sech op der Spëtzt ze positionéieren.

© AFP

Domat huet den Ogier sengen zwee Titelrivalen, dem Belsch Thierry Neuville op Hyundai an dem Este Ott Tänak op Toyota e Stréck duerch d'Rechnung gemaach. Béid Chauffere waren op volle Risiko gefuer a kruten allebéid e Bam ze paken. Sou stoung den Ogier nach virum Enn vun der Course als alen an neie Champion fest.

An der Gesamtwäertung vun der WM 2018 waren et 219 Punkten fir den Ogier, virum Neuville (201) an Tänak (181).

Als Éischten ass de Finn Jari-Matti Latvala iwwert d'Arrivée gefuer an huet Toyota domat de WM-Titel an der Constructeursbewäertung geséchert.  Toyota koum do op 368, viru Hyundai (341) a Ford (324).



Fir de 34 Joer ale Sebastien Ogier war et de perfekten Ofschloss no den 2 Joer bei Ford. Fir déi nei Saison geet de Fransous no 8 Joer nees zeréck bei Citroen. Fir si war den Ogier vun 2008 bis 2011 gefuer, ier e bei VW gewiesselt ass, mat deenen hien och säin éischten WM-Titel gewonnen huet.



[commenst]