FOTOEN: FLT MastersMolinaro a Rodesch gewannen Titel beim FLT Masters

D'Eléonora Molinaro konnt sech an zwee Sätz géint d'Claudine Schaul duerchsetzen an de Chris Rodesch gewënnt och an zwee Sätz géint den Tom Diederich.

D'Eléonora Molinaro ass net ideal an d'Partie erakomm an hat an der Ufanksphas Schwieregkeeten, fir hiert Spill ze fannen. Esou war d'Partie bis zum 2:2 ganz equilibréiert an d'Claudine Schaul konnt gutt mathalen. Du sinn der Favoritin awer zwee Breaks gelongen an esou konnt d'Spillerin vun der Schéiss sech den éischte Saz dann awer kloer mat 6:2 sécheren.

FLT Masters/Reportage Rich Simon



Am zweete Saz do hat d'Claudine Schaul ee ganz gudde Start erwëscht. Si louch nämlech séier mat 3:0 am Avantage. Du konnt d'Molinaro awer ee ganz wichtege Break realiséieren a konnt dunn esouguer op 3:3 stellen. D'Claudine Schaul war du geschloen, esou dass d'Eléonora Molinaro d'Finall mat 6:2 a 6:4 fir sech entscheede konnt. Fir d'Eléonora Molinaro war et déi 4. Victoire bei der 4. Participatioun an huet och fir drëtt den Dammendubbel mam Claudine Schaul gewonnen.

Du gouf nach d'Finall vun den Häre gespillt, wou sech den Tom Diederich an de Chris Rodesch géigeniwwer stoungen.

An der Finall tëscht dem Chris Rodesch an dem Tom Diederich war et vum Start ewech direkt ganz spannend. Béid Spiller hu sech näischt geschenkt an et war eng ganz spannend Partie. Am 8. Jeu ass dem Chris Rodesch dunn awer ee Break gegléckt, esou dass hie mat 5:3 a Féierung goe konnt. Bei eegenem Service huet de Spiller vu Schëffleng dunn de Sak zougemaach an esou den éischte Saz mat 6:3 fir sech entscheet.

Am zweete Saz goung et wuel sou spannend virun, ewéi am éischte Saz. Am 3. Jeu konnt de Chris Rodesch dunn op en Neits ee Break realiséieren, ma den Tom Diederich huet do déi richteg Äntwert fonnt an zwar konnt hie mat engem Rebreak konteren, fir op 2:2 ze stellen. Ee weidert Break huet dem jonke Chris Rodesch awer erëm d'Féierung erméiglecht. Um Enn wënnt hien dann och de Saz mat 6:4 an domat och de Match.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.