Nations LeagueDe Luc Holtz an de Paul Philipp zéien duerchaus positive Bilan

Mat 3 Victoiren, 2 Defaiten an engem Remis ass déi éischt Football Nations League Campagne e Sonndeg fir déi Lëtzebuerger Nationalequipe op en Enn gaangen.

© Val Wagner

D'Rout Léiwen hunn an deene leschten 3 Méint zwar gewisen, datt si net méi zu de ganz klengen Footballnatioune gehéieren, datt awer och nach ze schaffe bleift fir konstant mat deene Grousse vun deene Klenge matzehalen.

Bilan Nations League: E Reportage vum Franky Hippert

Am Fong ass d'Hierarchie an der Divisioun D Grupp respektéiert ginn, esou den FLF-President Paul Philipp. Mir hätten déi Matcher gewonnen, déi mer hu musse gewannen... 2 mol géint San Marino an heiheem géint Moldawien. Et hätt ee sech als Zil gesat sou laang wéi méiglech an der Course ze bleiwen fir d'Nations League. Dat hätt geklappt bis den zweetleschte Match leschten Donneschdeg. Wann een do gewonnen hätt, wier een 1. an der Grupp gewiescht. De Bilan ass deemno awer positiv. Et wier extrem gutt gewiescht wann een de Grupp gewonnen hätt, mä déi ganz Campagne géif awer weisen, dass een um richtege Wee wier. Et géifen och an Zukunft ëmmer nees kleng Réckschléi ginn.

Iwwer d'ganz Campagne gekuckt, an och e Sonndeg nach mam Remis a Moldawien, ass de Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz mat de leschten 3 Méint zefridden. Wat hien intresséiert wier d'Performance. Iwwert vill Matcher wier déi ganz ganz gutt gewiescht. Heiansdo wier se méi effikass gewiescht, heiansdo manner effikass. Et hätt een 10 Punkte geholl aus 6 Matcher... an enger fréierer Campagne hätt een emol 10 Punkten aus 10 Matcher geholl. Vun dohier kéint ee méi wéi zefridde sinn, sou de Luc Holtz.

Bei der FLF ass ee sech awer op bewosst, datt nach Loft no Uewen ass, sou de FLF-President Paul Philipp. Et hätt een elo 2 -3 Méint Zäit an et misst een alles hannerfroen. Et géif ee sech mam Nationaltrainer zesummesetzen a kucke wat een nach méi kéint maachen... wat kéint ee besser maachen, och an der Formatioun, wou feelt et eis, wat ass gutt, wat ass schlecht... Et dierft een net op der Plaz trëppelen. Et wier een elo schonn enorm weider komm, mä et dierft ee sech net domat zefridde ginn.

D'Rout Léiwen schléissen des Nations League also op der 2. Plaz of mat 10 Punkten, 4 hannert Wäissrussland. An dëser Nations League hunn d'Lëtzebuerger 11 Goler geschoss, a just 4 geschoss kritt.

Den 2. Dezember gëtt dann zu Dublin d'Europameeschterschaftsqualifikatioun gezunn, déi da während dem ganzen Joer 2019 gespillt gëtt. E Méindeg am Nomëtteg kënnt d'FLF-Formatioun nees zeréck op Lëtzebuerg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.