VIDEO: Nations LeagueDe Match aus der Siicht vun de Kanner

Si stounge mat den Nationalspiller géint Wäissrussland um Terrain. Mir hu si och weider bei deem Match begleet.

Futtball: Kanner begleede hir Idoler op den Terrain (19.11.2018)
De Louis war eent vun de ville Kanner, déi d'Nationalspiller aus Lëtzebuerg a Wäissrussland dierfte begleeden.

De leschten Donneschdeg war de Match Lëtzebuerg géint Wäissrussland am Stade Josy Barthel, wou den Dram vun der Halleffinall an der Nations League fir d'Rout Léiwe leider geplatzt ass. Dofir awer ass den Dram vu ville jonke Futtballfans an Erfëllung gaangen. D'Jongen a Meedercher, déi sech op de RTL-Opruff gemellt haten, kruten nämlech déi eemoleg Geleeënheet, mat hiren Ikonen aus der Lëtzebuerger Nationalekipp op den Terrain ze goen!

E ganz grousse Moment war dat ënnert anerem fir dat jonkt Nowuess-Talent Louis, dee mer dobäi och mat der Kamera begleet hunn.

FOTOGALERIE: All d'Impressioune vum Match



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.