Nations League1. Lëtzebuerger Arbitter-Team an der Nations League

E Méindeg den Owend gouf de Match tëscht Liechtenstein an Armenien eng éischte Kéier vu 6 Lëtzebuerger Arbittere geleet.

Den Alain Durieux war den Haaptarbitter, hie gouf assistéiert vum Daniel da Costa an dem Gilles Becker. De Claude Ries war als 4. Offizielle mat dobäi. De Christophe Pires an den Alex Krüger hunn als Golriichter fungéiert.

Si hunn domat sou ze soen "Geschicht geschriwwen", well si als 1. Lëtzebuerger Arbitter-Team an der Nations League ënnerwee waren an en plus fir d’éischte Kéier zu sechs Lëtzebuerger Onparteiesch op internationalem Terrain stoungen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.