No der Nations LeagueKeng fréizäiteg Verlängerung vum Luc Holtz sengem Kontrakt

E Sonndeg ass déi 1. Nations League fir d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp mat der 2. Plaz an der Divisioun D, Grupp 2 op en Enn gaangen.

© pressphoto Archiv

A 6 Matcher goufen et 10 Punkten. D'Fro stellt sech natierlech, ob ee bei der FLF drun denkt, de Kontrakt vum Nationaltrainer Luc Holtz fréizäiteg ze verlängeren.

Luc Holtz Kontrakt/Reportage Franky Hippert

De Kontrakt vum Luc Holtz leeft nach bis Enn vum nächste Joer. Den 49 Joer ale Coach stoung elo scho 77 Mol un der Säitelinn als FLF-Nationaltrainer. No der nächster Europameeschterschaftsqualifikatioun dierft hien dann och mam aktuellen FLF-President Paul Philipp gläichzéien, deen als FLF-Trainer 87 Selektiounen op sengem Kont huet. Virun 8 Joer hat de Luc Holtz den Trainerstull vum Guy Hellers iwwerholl. Lo no der Nations League Campagne, wou et jo fir d'Rout Léiwen 3 Victoiren, zwou Defaiten an ee Remis goufen, kann ee jo mol op déi uewegestallte Fro kommen. De Paul Philipp betount, dass de Kontrakt vum Luc Holtz jo nach bis Enn 2019 géing lafen an deen Ament wier déi nächst Campagne, déi den 2. Dezember gezu gëtt, jo schonn nees eriwwer. Am Summer géing ee sech als Conseil vun der Federatioun zesummesetzen, da wier d'Campagne zwar nach net eriwwer, ma do géif dann awer een éischte Bilan gezu ginn an da géif ee kucken, wéi et an der Zukunft weidergeet.

Dat heescht et ass elo net virgesinn, datt de Kontrakt vum Luc Holtz nach dëst Joer fréizäiteg verlängert gëtt. Dat wier net virgesinn, de Kontrakt géif jo nach 13 Méint lafen.

Et däerf een awer och gespaant sinn, wei et d'nächst Joer an der Futtballschoul vun der Federatioun mam Personal weidergeet, ob den FLF-President Paul Philipp der Meenung ass, datt et un der Zäit ass, verschidde Changementer virzehuelen oder net!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.