LiichtathletikfederatiounClaude Hemmer zitt Kandidatur, fir Presidentin ze ginn, zeréck

An engem Communiqué huet si matgedeelt, dass hir Kandidatur awer géing zeréckzéien.

D'lescht Woch hate mir Iech jo gesot, datt d'Claude Hemmer am gaange wär, eng Ekipp opzestellen, fir dann um nächste Kongress vun der FLA den 1. Dezember zu Dikrech nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun wëllen ze ginn.

Elo huet d'Hemmer an engem Communiqué matgedeelt, datt si hir Kandidatur awer zeréckzitt. Déi studéiert Ekonomistin wollt mat den aktuellen Dirigenten en Debat iwwert d'Visioune fir d'Liichtathletik hei am Land féieren. Si huet awer dunn an hiren Aen e Mikrokosmos virfonnt, wou versicht géif ginn, sou vill wei méiglech Afloss ze hunn, fir dann och eegen Interessien duerchzesetzen.

Offiziellt Schreiwes
Madame, Monsieur,

Il y a quelques semaines, je vous ai annoncé ma candidature à la présidence de la FLA avec l'ambition de conduire les instances fédérales dans une ère nouvelle. Avec mon équipe, je vous ai soumis le programme à l'appui de nos ambitions.

Aujourd'hui, je renonce à ma candidature.

Je pensais susciter un débat d'idées avec les dirigeants actuels, sur notre vision respective de l'athlétisme. En lieu et place, j'ai découvert un micrcosme fait de luttes d'influence au service de collusions d'intérêts particuliers.

Cet univers, dont le devenir de l'athlétisme est singulièrement absent, n'est pas le mien.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.