Nations LeaguePortugal a Polen spillen 1:1

Doduerch kéint déi däitsch Nationalekipp an der Qualifikatioun fir d'EM 2020 op d'mannst ee staarke Géigner hunn.

Duerch de Punkt vun de Pole fält Däitschland nämlech an d'Poule 2, domat kéint Däitschland den 2. Dezember an e Grupp mat Frankräich, Spuenien oder England geloust ginn.

An der Partie Portugal-Polen hat den Andre Silva den 1:0 an der 34. op e Corner vum Renato Sanches gekäppt, an der 66. konnt den Arkadiusz Milik op Eelefmeter ausgläichen. Den Danilo Pereira hat eng Noutbrems gemaach, huet dowéinst Rout gesinn a Polen hat en Eelewer krut.

En Dënschdeg den Owend goufe jo déi lescht Partien an der Nations League gespillt. E puer Resultater erausgegraff: Schweden klappt Russland mat 2:0, Schottland ka sech knapp géint Israel behaapten a Serbien schéckt Litauen mat 4:1 heem.

D'Resultater am Iwwerbléck
League A
Grupp 3: Portugal-Polen 1:1

League B
Grupp 2: Schweden-Russland 2:0

League C
Grupp 1: Schottland-Israel 3:2
Grupp 4: Serbien-Litauen 4:1
Grupp 4: Montenegro-Rumänien 0:1

League D
Grupp 3: Malta-Färöer Inselen 1:1
Grupp 3: Kosovo-Aserbaidschan 4:0

PSG am Pech
En Dënschdeg den Owend goufen awer och Frëndschaftsmatcher gespillt, ënnert anerem dës Partien:

Tierkei-Ukrain 0:0
Albanien-Wales 1:0
Italien-USA 1:0
Frankräich-Uruguay 1:0

Bei de Fransousen huet de PSG-Stiermer Mbappé musse blesséiert vum Terrain.



Domat awer nach net genuch Pech fir de PSG: An engem anere Frëndschaftsmatch vu Brasilien géint Kamerun, deen d'Südamerikaner 1:0 gewonnen hunn, gouf och den Neymar verletzt.



Et bleift ofzewaarden, op d'PSG-Stare mat Zäite gesond si fir déi nächst Matcher am Veräin.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.