No Horror-CrashSophia Flörsch verléisst Spidol vu Macau

D'Autorennfuererin Sophia Flörsch huet 8 Deeg no hirem schwéieren Accident zu Macau d'Spidol verlooss.

© AFP
"Haut fléien ech heem. Ech si wierklech frou, meng Famill a Frënn an den nächsten Deeg erëmzegesinn", huet déi 17 Joer al Münchnerin op Facebook geschriwwen. D'Sophia Flörsch hat sech jo beim uergen Accident de 7. Halswirbel gebrach an ass duerno 11 Stonne laang operéiert ginn. "Ech hu mäin zweete Gebuertsdag den 18. November 2018 zu Macau gefeiert", huet si ënnert anerem geschriwwen.

Den Weltverband vun der FIA wëll iwwerpréiwen, wéi et zum Accident komm ass. Wéini dëst soll gemaach ginn, ass nach onkloer.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.