ESport zu LëtzebuergD'Diskussioune lafen op europäeschem Niveau, de Grand-Duché waart of

Wat fir e Stellewäert huet den E-Sport zu Lëtzebuerg an wéi ee Wee wëll een hei am Land a Saachen elektronesche Sport goen?

Dat huet d’Taina Bofferding vun der LSAP an enger parlamentarescher Fro un de Sportminister Romain Schneider gestallt. E Méindeg koum d’Äntwert vum Sportminister Schneider, dee sech fir den Ament éischter nach virsiichteg ausdréckt an déi international Developpementer am E-Sport ofwaart.

QP iwwert den E-Sport zu Lëtzebuerg - Reportage David Winter

Wéi de Minister feststellt, wier den E-Sport am Moment am Gaangen, ëmmer méi populär ze ginn, och hei zu Lëtzebuerg. Hie schwätzt souguer vun engem eegenen Ekosystem, dee sech hei géif entwéckelen, sou dass sech eng Rei Froe stellen, eben net nëmmen am Domaine vum Sport.

Wat de sportlechen Deel betrëfft, verweist de Sportminister op d’Gesetz vum 3. August 2005 an op de COSL, deen hei concernéiert wier. Als Sportminister wier et virun allem säi Rôle, ze kucken, fir de physesche Sport, eng gesond Liewensastellung oder d‘Integratioun ze promouvéieren. Dës wieren ënnert anerem och d’Objektiver, déi vum genannte Gesetz a Verbindung mam Sport genannt ginn.

Eng vun den Haaptfroen, déi elo ze beäntwerte wier, ass erauszefannen, ob E-Sport eng kierperlech Aktivitéit, respektiv eng sportlech Competitioun ass oder net. Eréischt da kann ee méi an den Detail goen a weider Pistë leeën. An dës Fro géif am Moment probéiert ginn, op europäeschem Niveau ze beäntwerten.

Weider gëtt betount, dass Lëtzebuerg nach keen Daachverband huet, deen den E-Sport zu Lëtzebuerg organiséiert a reegelt. Ze nenne sinn awer ënnert anerem grouss professionell Organisatioune wéi "11F Gaming" an "LGX", déi am Joer eng ganz Partie un Turnéieren (FIFA, Fortnite, Rocket Leage, Clash Royale etc...) an Events wéi d'Luxembourg Gaming Xperience organiséieren, respektiv aner méi spezifesch Organisatiounen wéi "E-Sports Luxembourg" (CS:GO), "We live Games" (Tekken, divers), "Videogames.lu" (Gaming-Community), "Sweet Spot" (Smash Bros.)...etc déi scho Joren organisatoresch Aarbecht um nationale Plang leeschten. Genannt ginn déi awer leider net an der Äntwert vum Romain Schneider op d’Question Parlamentaire.

Fir den internationalen olympesche Comité wier eng Unerkennung vum E-Sport nëmmen da méiglech, wann eng international Organisatioun capabel wier, déi ethesch Reglementatiounen an eng entspriechend Féierung am E-Sport international duerchzesetzen. Och gouf ënnerstrach, dass wann den E-Sport eng Kéier olympesch gëtt, wat jo ëmmer méi probabel ass, ee misst bedenken, dass Spiller, déi gewalttäteg oder diskriminéierend sinn, net kéinten opgeholl ginn.

Allerdéngs géif een am Sportsministère an och beim COSL erkennen, dass den E-Sport um Kommen ass, dat wann een d’Zuel vun de Spiller consideréiert an natierlech och den ekonomesche Volet. Et ass een dohier net dogéint, fir d’Evolutioun vum E-Sport genee ze suivéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.