Formel 1All Cockpits fir 2019 besat: Vill interessant Changementer

Ewéi et schéngt si fir d'Saison 2019 alleguerten d'Cockpits an der Formel 1 besat an do ginn et e puer nei Gesiichter a puer Iwwerraschungen.

© AFP (Archiv)
Vill Changementer ware schonns gewosst, ma nawell sinn e puer interessant Konstellatiounen dobäi.

Beim Konstrukteursweltmeeschter Mercedes bleift alles beim Alen. De Lewis Hamilton an de Valtteri Bottas wäerten och déi nächst Saison nees zesumme fir Mercedes ëm d'Plaze ganz vir kämpfen. Allerdéngs hu si awer een neien Testfuerer an zwar den 22 Joer jonken Esteban Ocon, deen 2020 de Cockpit vum Bottas iwwerhuele kéint. Den Ocon, deen als grousst Talent zielt, war d'lescht Saison jo fir Force India un den Depart gaangen.

Bei Ferrari gëtt et ee gréissert Changement. Deemno verléisst de Weltmeeschter vun 2007, de Kimi Räikkönen d'Scuderia. Fir hien nei am Cockpit wäert de Charles Leclerc zielen. Den 21 Joer ale Monegass konnt d'lescht Saison bei Sauber gutt Leeschtunge weisen. Onverännert ass awer d'Plaz vum Sebastian Vettel, dee wuel och d'nächst Joer Mercedes-Jeeër Nummer 1 dierft sinn. De Vettel waart jo nach ëmmer op säin éischte WM-Titel mat Ferrari.

Bei Red Bull wäert de Max Verstappen, deen dacks eng Mëschung aus Genie a Wahnsinn gewisen huet, och 2019 am Cockpit setzen. Den 21 Joer alen Hollänner huet nach ee Vertrag bis 2020. 2019 kritt de Verstappen awer mam Pierre Gasly een neien Teamkomerod. De jonke Fransous kënnt vun Toro Rosso an huet domat den nämmlechte Wee hannert sech ewéi de Vettel, de Verstappen an de Ricciardo, déi sech och bei Toro Rosso entwéckelt haten.

Renault huet da mam Daniel Ricciardo ee relativ prominenten neie Pilot ze verzeechnen. Den Australier wiesselt no 5 erfollegräiche Joer bei Red Bull bei de franséischen Autoskonstrukteur. De Ricciardo wäert dann d'nächst Saison un der Säit vum Däitschen Nico Hülkenberg fueren.

Bei Haas bleift alles beim Alen. Och am Joer 2019 wäerten de Romain Grosjean an de Kevin Magnussen fir si un den Depart goen.

De Sergio Perez fiert dann och 2019 bei Force India. De Mexikaner krut säi Kontrakt verlängert, dat obwuel hien, wat d'Punkten ugeet, seng bis elo schlechtste Saison zanter 2014 gefuer ass. Allerdéngs war hien och 2018 deen eenzege Pilot, deen et op de Podium gepackt huet, deen net fir Ferrari, Mercedes oder Red Bull gefuer ass. dat zweet Cockpit geet un de jonke Lance Stroll, deem säi Papp de Rennstall Mëtt leschter Saison kaf huet an esou virun der Faillite gerett huet.

Bei McLaren gëtt et ee kompletten Neiufank, dat nom Enn vum Kontrakt vum Stoffel Vandoorne an dem Enn vum Fernando Alonso senger Formel-1-Karriär. Mam Lando Norris, deen als Supertalent zielt, wëll McLaren nees voll ugräifen. Hie kritt de Carlos Sainz un d'Säit gestallt, dee mat 24 Joer schonns relativ vill Erfarung huet an dee säi Ruff als "éiwegt Talent" wëll lassginn.

Bei Toro Rosso wäert 2019 nees den Daniil Kwjat am Cockpit setzen, dat nodeems hien 1 Joer als Testfuerer bei Ferrari war. Zweete Fuerer gëtt den Alexander Albon, deen d'Plaz vum Brendon Hartley iwwerhëlt, deen net wierklech iwwerzeege konnt.

Sauber huet da mam Kimi Räikkönen ee ganz staarke Pilot ënner Kontrakt geholl. De Finn a Weltmeeschter vun 2007 hat seng Karriär 2001 bei Sauber ugefaangen, deemno "Back to the roots". Dat zweet Cockpit geet un den Antonio Giovinazzi, deen déi lescht zwee Joer Testfuerer bei Ferrari war an domat de Magnus Ericsson verdrängt, deen nëmmen nach Testfuerer wäert sinn.

Bei Williams gëtt et da wuel d'Comeback vum Joer. 8 Joer no Robert Kubica sengem uerge Rallye-Accident kënnt de Pol zeréck an d'Formel 1. De Kubica kritt mam George Russell wuel mat ee vun den talentéiertste Nowuessfuerer als Teamkolleg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.