FOTOEN A VIDEOEN - BasketEtzella wënnt géint de Basket Esch

Am Topmatch vum 11. Spilldag gewënnt d'Etzella mat 80:67 géint de Basket Esch. Ausserdeem gewannen och Steesel an d'Musel-Pikes.

E Samschdeg den Owend war am Hären- an am Damme-Basket den Optakt vum 11. Spilldag am Lëtzebuerger Basket-Championnat.

Häre-Basket
Etzella - Basket Esch 80:67

Den éischte Véierel konnt d'Etzella ganz kloer dominéieren a war no dësem mat 27:16 a Féierung. Dono huet sech de Basket Esch awer gefaangen a konnt de Match vill méi oppe gestalten sou dat et mat engem 43:35 an d'Paus gaangen. Och no der Paus huet de Basket Esch de Réckstand weider verklengert an huet sech ëmmer méi no un d'Ettelbrécker erugetaascht. Am leschte Véierel hunn déi Ettelbrécker awer nees den Tempo ugezunn, de Virsprong nees vergréissert a schlussendlech souverän gewonnen. De beschte Scorer bei den Ettelbrécker war den Jairo Delgado mat 19 Punkten. Den Hicks konnt och mat sengen 28 Punkten fir Esch dës Néierlag net verhënneren.

Etzella - Basket Esch 80:67 (02.12.2018)
An engem gudde Match gewënnt d'Etzella schlussendlech awer kloer mat 80:67.


Steesel - Sparta 90:76


D'Experten, d'Supporter an d'Spiller sinn dovunner ausgaangen, datt et an der Partie tëscht der Amicale an der Sparta ganz enk wäert ginn - an dat sollt och antrieden. Et weess een net, wat de Bob Melcher virun dëser Partie giess hat, mee de Steeseler Playmaker huet eleng am 1. Duerchgang 19 Punkte getraff. Och de Reyes war mat senge 14 Punkte gutt am Match.

Op der Säit vum Géigner vu Bartreng louch d'Laascht virun allem op de Schëllere vum Rodgers, deen no zwee Véierel 16 Zieler getraff huet. 29:21, esou ass den 1. Véierel fir Steesel ausgaangen an och deen 2. konnt d'Amicale mat 21:13 fir sech entscheeden - 50:34 war d'Pauseresultat.

De Pitt Koster, Kapitän bei Steesel



Duerno goung et féx an emtiounsgeluede weider a Steesel konnt sech och den 3. Véierel sécheren, dat mat 23:22. De Virsprong fir d'Haushären ass also weider geklommen, ma de Coach Kevin Magdowski vu Sparta wollt seng Jongen nach eng Kéier no vir peitschen: Si hu bis zum Schluss gekämpft. Esou konnte si och de 4. Véierel mat 20:17 fir sech entscheeden - dëst sollt awer näischt méi un der Auswäerts-Defaite vu Bartreng änneren. Fir Steesel ass et déi drëtte Victoire hannereneen.

De Kevin Magdowski, Coach Sparta



Steesel - Sparta 90:76 (02.12.2018)
Mat enger konstant gudder Leeschtung klappt Steesel d'Sparta schlussendlech souverän.


Musel Pikes - Kordall Steelers 104:77

Eng ganz serréiert Partie gouf et iwwerdeems op der Musel. Ënnert dem Impuls vum Wright an och Kox konnte sech d'Pikes virum eegene Public eng 47:43-Féierung zur Paus sécheren. Am 1. Véierel louchen d'Miseler nach mat 23:26 am Hannertreffen, ier si den 2. Véierel mat 24:17 fir sech konnten entscheeden.

Den 3. Véierel ass dunn och op de Kont vun de Miseler gaangen - si konnte sech mat 22:20 knapps virun de Steelers duerchsetzen. Zu deem Ament ass de Wright weider zum Go-to-guy avancéiert, ma och de Lëtzebuerger Kox huet mat 18 perséinleche Punkte gutt opgeworf. Bei der Steelers war et de Bivins, deen dem Spill vu Kordall de Stempel opdréckt huet, ma och seng Leeschtung ass net duergaange fir d'Defaite ze verhënneren.

Am leschte Véierel huet d'Heemekipp awer d'Loscht fir ze gewannen ënner Beweis gestallt an huet dëse schliisslech däitlech mat 104:77 gewonnen - verdéngte Victoire fir d'Musel Pikes a riseg Leeschtung vum Wright mat 42 perséinlechen Zieler.

Arantia Fiels - T71 Diddeleng 95:104

Mat engem 46:51-Réckstand ass d'Fiels géint den T71 op den Téi gaangen. War et am 1. Véierel nach mat 24:24 ganz ausgeglach, konnt de Gaascht aus der Forge du Sud - mat Leit wéi Schumacher, Muller an Jackson-Cartwright - den 2. Véierel mat 27:22 wannen.

Den 2. Duerchgang huet fir den T71 gutt gestart, si konnten nämlech den 3. Véierel mat 24:18 dominéieren. Ma d'Jongen aus der Fiels hu sech awer daper géint de Favorit aus dem Süde geschloen a konnt an der Offense och weisen, wat se drop hunn - esou war et am leschte Véierel och ganz ausgeglach. Um Enn huet d'Arantia de 4. Véierel zwar mat 31:29 kënne wannen, d'Schussresultat ass awer mat 104:95 fir de Gaascht aus der Forge du Sud op een Enn gaangen.

Racing - Walfer 94:45

Am Tramschapp an der Stad hat d'Residence vu Walfer géint de Racing näischt entgéintzesetzen. Esou ass den 1. Véierel däitlech mat 26:8 fir d'Heemekipp op een Enn gaangen. Am 2. Véierel stoung eng 17:11 Victoire fir déi Stater um Tableau, ier et op den Téi goung.

D'Lokalformatioun vum Coach Anton Mirolybov ass gutt aus de Katakombe komm a konnt och den 3. Véierel mat 19:12 fir sech entscheeden. Am leschte Véierel huet d'Formatioun Mersch, Hale a Morton mat 32:14 den Deckel op dës Partie gemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Damme-Basket
Wolz - T71 Diddeleng 65:70

Kuriéis 1. Hallschecht an der Partie vu Wolz an Diddeleng. Den 1. Véierel hunn d'Dammen aus der Forge du Sud mat 20:10 fir sech entscheet, den 2. Véierel ass quasi genee ëmgedréint mat 21:10 fir d'Dammen aus dem Éislek ausgaangen.

An der 2. Hallschecht hunn d'Gäscht aus dem Süden opgedréint an hunn ënnert dem Impuls vum Lindstrom a Winton op d'Victoire gedréckt - den 3. Véierel ass mat 23:18 fir dem Coach Kremer seng Damme vum T71 ausgaangen. Am 4. Véierel ass Diddeleng dunn zäitweileg agebrach a Wolz huet een enorme Laf op de Parquet geluecht. Dëse konnt de Gaascht awer stoppen a schliisslech nach de Véierel mat engem Punkt Differenz 17:16 fir sech entscheeden - verdéngte Victoire fir Diddeleng.

Steesel - Sparta 62:51

Ganz serréiert ass et zu Steesel an der Partie tëscht der Amical a dem Sparta an der 1. Hallschecht hiergaangen. Den 1. an den 2. Véierel si jee mat 12:12 an 18:18 ausgeglach op een Enn gaangen, ier Bartreng am 3. Véierel reegelrecht agebrach ass. D'Formatioun vum Coach René Kaiser huet d'Sparta-Damme mat 22:6 iwwerrannt. De 4. Véierel ass dunn awer mat 15:10 op de Kont vu Bartreng gaangen.

FOTOGALERIE: Steesel - Sparta bei den Dammen vum Maya a Robert Straus
© Maya a Robert Straus


Musel Pikes - Gréngewald 77:49

D'Miseler vun der Coach Dominik Doerr hu vun Ufank u Gas ginn a wollten d'Punkten an der Hal Bonifas loossen. Sitz, Schmit, Chambers a Co. hunn dem Gréngewald viru Schwieregekeete gestallt, esou datt den 1. Véierel mat 25:13 fir d'Pikes op een Enn gaangen ass. Och am 2. Véierel war mat engem 16:11-Succès näischt géint déi gutt Offense vun der Miseler entgéintzesetzen.

Am 2. Duerchgang war et mat mat 20:15 fir d'Miseler d'Suite vun der 1. Hallschecht. An och de 4. Véierel hunn d'Pikes mat 16:10 näischt méi ubrenne gelooss.

AB Konter - Walfer 80:61

Keng Zweiwel un der Victoire wollten dem Coach Louis Wennig seng Dammen an der Partie géint d'Residence vu Walfer opkomme loossen. 22:6 am 1. Véierel an 21:15 am 2. Véierel housch de Verdikt fir den Halbzeit-Téi. Am 3. Véierel war d'Partie mat 21:19 net grad esou däitlech, ier Konter am leschte Véierel de Fouss vum Gas geholl a mat 16:21 der Residence de Virtrëtt gelooss huet.

AB Konter - Walfer 80:61 (02.12.2018)
Konter huet am Duell mat Walfer vum éischte Véierel un keng Zweiwel opkomme gelooss.


Etzella - Basket Esch 56:74

FOTOGALERIE: Etzella - Esch bei den Dammen vum Maya a Robert Straus


LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.