Internationale FuttballVollen Asaz fir Manchester City - Juve klappt Fiorentina

An der Premier League stoung de 14. Spilldag um Programm. Och a Frankräich, Italien a Spuenien rullt um Samschdeg dat ronnt Lieder.

© afp
De 14. Spilldag an der Premier League stoung um Programm, wou de Leader Man City op Bournemouth getraff ass. Lyon krut et a Frankräich fir de Kont vum 15. Spilldag mat Lille ze dinn an an Italien war d'Juve um 14. Spilldag bei Fiorentina zu Gaascht. A Spuenien hat Real hat héije Besuch vu Valencia am Estadio Santiago Bernabéu.

Premier League
Manchester City - Bournemouth 3:1

D'Formatioun vum Pep Guardiola ass mat 100 an dëse Match gaangen, géint den 8. aus de Premier League wollten si doheem am Etihad Stadium dominant opspillen - dat sollt hinnen och geléngen. Fréi am Match huet de Bernando Silva an der 16. Spillminutt op 1:0 gesat. Ma kuerz virun der Paus konnt de Gaascht duerch de Wilson op 1:1 ausgläichen.
An der 57. Minutt sinn d'Skyblues dunn erëm a Féierung gaangen, dat no engem Gol vum Sterling. Knapp 10 Minutte viru Schluss huet den Däitsche Gündogan nach een dropgesat a senge Faarwen eng 3:1-Victoire geséchert.

Southampton - Manchester United 2:2

D'Ennresultat ass gläichzäiteg d'Pauseresultat vun dëser Partie gewiescht. All 4 Goler sinn nämlech am 1. Duerchgang gefall. D'Lokalekipp ass an der 13. Minutt duerch den Armstrong an an der 20. duerch de Cedric mat 2:0 an Avantage geroden, ier d'Gäscht erwächt sinn. De vill kritiséierte Lukaku konnt an der 33. Spillminutt op 2:1 verkierzen a just 6 Minutten drop war et den Herrera, deem den Ausgläich gelongen ass.

© afp


LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1
OSC Lille - Olympique Lyon 2:2

Dem Gérard Lopes seng Ekipp ass doheem géint den OL gutt an de Match gestart. No 45 Minutte louch de LOSC mat Goler vu Rémy a Pépé mat 2:0 am Avantage. Déi 2. Hallschecht war dunn net méi esou positiv fir Lille, well Lyon opgedréint huet. Den Depay huet an der 50. Minutt een Eelefter verschoss, säi Spillkomerod Traoré huet dunn awer kuerz drop fir den 2:1 gesuergt. An der 86. Spillminutt huet den Dembélé fir den OL 2:2 ausgeglach.

AS Monaco - Montpellier HSC 1:2

Weider schwiereg ass d'Situatioun vu Monaco fir den Nei-Trainer Thierry Henry. De franséische Weltmeeschter hat jo kierzelech d'Ruddere bei Monaco iwwerholl, konnt d'Monegassen awer bis elo och net op d'Gewënnerstrooss bréngen. Doheem ware si a Persoun vum Tielemans an der 42. Spillminutt a Féierung gaangen. Am 2. Duerchgang huet de Gaascht awer an de leschten 10 Minutten nach zwee Goler fonnt a de Match ëmgedréint. D'Goler goufe vum Laborde a Skuletic geschoss.

© afp


LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga
Real Madrid - Valencia 2:0

Déi Kinneklech hu mat der 2:0-Victoire géint Valencia den Uschloss un d'Spëtzt gehalen. D'Madrilene si jo miserabel an d'Saison gestart, erkréie sech awer elo lues a lues. De Wass vu Valencia hat an der 8. Spillminutt duerch ee Selbstgol Madrid a Féierung bruecht, ier 7 Minutte viru Schluss de Vazquez mat sengem 2:0 den Deckel op de Match gesat huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A
Fiorentina - Juventus Turin 0:3

Kloer Victoire fir d'Bianconeri géint d'Fiorentina. De Bentancur hat d'Juve an der 31. Spillminutt mat 1:0 an den Avantage bruecht, ier am 2. Duerchgang de Chiellini an de Ronaldo d'Nummer 1 aus Italien mat 3:0 op d'Gewënner-Spuer bruecht huet.

© afp


LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.