VIDEO: Portrait Michel RiesNei Erausfuerderung fir de Michel Ries

De Michel Ries fiert zanter 2018 an der spuenescher Contineltalekipp vu Kometa.

Nei Erausfuerderung fir de Michel Ries (02.12.2018)
De Michel Ries fiert zanter 2018 an der spuenescher Contineltalekipp vun Kometa.

Mir hunn den 20 Joer alen Cyclist leschten Donneschdeg besicht an hie beim Training begleet. Éier et an Spuenien an en éischt Trainingslager geet, war dat och e Moment, déi vergaange Saison nach emol ze analyséieren.

Kometa gëtt vun 2 fréiere Coureuren gefouert. Mam Ivan Basso an Alberto Contador setzen 2 Leit am Boot, déi jorelaange Erfarung op héchstem Niveau hunn.

De Sprong aus enger regionaler an eng Continentalekipp ass grouss, en Ëmschwong, deen de Lëtzebuerger awer gutt verkraaft huet.

Am Moment sti bis zu 3 Stonnen Training mam Vëlo um Programm, den Ënnerscheed zu fréier läit doran, datt och zu dësem Ament Intensitéite gefuer ginn an de Kierper sou an déi néideg Form bruecht gëtt, fir fréi an der Saison scho mat deene Beschte matzehalen. Dem Michel seng Ekippekollege kommen aus Spuenien, Portugal, Italien a souguer aus Eritrea.

Nom Stroossentraining stoung owes och nach den traditionellen Halentraining zu Schuller um Plang. Hei gëtt iwwer de Wanter un der Konditioun, Stabilitéit awer och Koordinatioun geschafft an zu Schuller an der Hal huet scho sou munch Proficyclist ferm ob d'Zänn gebass. D'Laurence Seyler huet sech an de leschte Joren ëm de Programm vum Michel Ries gekëmmert a kennt dem Talent seng Qualitéiten.

An e puer Deeg flitt de Michel Ries an den Trainingsstage a Spuenien, ier Enn Januar déi éischte Coursen gefuer ginn. Wann him eng ähnlech staark Saison wéi déi vum leschte Joer gléckt, an de Michel vum Pech verschount bleift, dann ass d'Chance grouss, datt den Dippecher Veräin am Joer 2020 e weideren Nowuesscoureur bei d'Profie bréngt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.