Tëscheruff vum Rich SimonMat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier

Um Kongress vun der Liichtathletikfederatioun gouf d'Stéphanie Empain als nei Presidentin gewielt. An op deem Kongress huet si matkritt, dass ee Club eng Demande gestallt huet, fir an d'FLA opgeholl ze ginn. Dat ass awer vun der Assemblée elo schonns fir d'zweet verworf ginn. Dozou een Tëscheruff vum Rich Simon.

Tëscheruff vum Rich Simon



Net genuch Benevollen, net genuch Jonker, déi sech nach fir eppes kënne begeeschteren. Dat héiert een ëmmer nees. An elo ginn et Jonker a Benevollen, déi sech am Sport wëllen engagéieren an déi kréie Steng an de Wee geluecht. Team Snooze ass eng motivéiert Ekipp, déi schonns an der Vëlos- an Triathlonfederatioun ass an elo och wollt an d'FLA opgeholl ginn.

Als normal Denkenden hunn ech um Kongress gemengt, dass dat just eng Formsaach wier. Do hat ech d'Rechnung awer ouni de Wiert gemaach. Ënnert anerem gouf dem Team Snooze virgeworf, dass si den Ament just géife Laftraining ubidden. Soll een awer net frou sinn, dass Laftraining ugebuede gëtt? Dass een als jonke Veräin net alles direkt kann ubidden, schéngt mir méi wéi logesch ze sinn. 

Wann een als Club an der FLA ass, muss ee Jugen zu Verfügung stellen. Och dës Konditioun war Team Snooze bereet ze erfëllen. An awer gouf et een Nee. Wat fäerten déi aner Veräiner? Et soll een dach frou sinn, wann d'Liichtathletikfamill méi grouss gëtt.

Team Snooze ass aktiv. Ouni si wier méi wéi sécher de Cyclocross zu Dummeldeng déi leschten 2 Joer net gefuer ginn. Am Mee maache si eng Stroossecourse, ee Kannertriathlon gëtt och organiséiert. Esou ee Veräin géif och der FLA guttdoen! Kierchtuerm-Politik léisst dat awer net zou. Nei Iddie sinn net Wëllkomm. Ee Color- oder Xmas-Run sinn deene meeschten een Dar am Aen. Ze vill kommerziell dat Ganzt. Dass awer kee Mënsch méi een Indoor oder Outdoor Meeting kucke geet, dat gëtt ënnert den Dësch gekiert oder just no Excusë gesicht, firwat dat esou ass.

Mam Stéphanie Empain steet elo eng 34 Joer jonk Presidentin un der Spëtzt vun der FLA. Et kann een nëmmen hoffen, dass si et fäerdeg bréngt, deen décke Stepps, deen an hirer Federatioun ass, ewechzeblosen. Dat schéngt awer eng ganz schwéier Entreprise ze ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.