BundesligaNürnberg a Bayer 04 Leverkusen deelen 1:1

Am Méindesspill an der däitscher Futtball-Bundesliga an enger Partie fir den 13. Spilldag hunn Nürnberg a Bayer 04 Leverkusen 1:1 gedeelt.

Fir Leverkusen hat den Havertz an der 30. Minutt de Score opgemaach. Den 1. FC Nürnberg konnt an der 2. Halschent méi dergéinthalen. De Margreitter huet an der 56. Minutt den 1:1 geschoss. Nürnberg ass elo virun dem VFB an der Tabell.

Hei d'Resultater am Iwwerbléck