"France Football"Och de Ballon d'or fir de Luka Modric

E Méindeg den Owend koum de Kroat vum Real Madrid op déi éischte Plaz. Zweeten an Drëtte waren de Cristiano Ronaldo an den Antoine Griezmann.

Och de Ballon d'or fir de Luka Modric (04.12.2018)
E Méindeg den Owend koum de Kroat vum Real Madrid op déi éischte Plaz. Zweeten an Drëtte waren de Cristiano Ronaldo an den Antoine Griezmann.
Zënter 1956 gëtt am internationale Fussball dee beschte Spiller gesicht a mam Ballon d'Or ausgezeechent.

Bis 1995 konnte just europäesch Futtballer gewielt ginn, bis 2007 dunn international Spiller an europäesche Veräiner an zënter 2007 kann all Spiller weltwäit nominéiert ginn, egal a wéi engem Veräin ee spillt.

Och FIFA-Weltfuttballer
3 Spiller waren nominéiert, fir zum Weltfuttballer gekréint ze ginn. Dorënner de Cristiano Ronaldo, dee mat Real Madrid Champions League an d'FIFA Club-Weltmeeschterschaft gewanne konnt. Och de Luka Modric stoung zur Auswiel, de Kroat huet seng Natioun bei der Weltmeeschterschaft als Kapitän an d'Finall bruecht a konnt mat Real Madrid déi nämmlecht Titele gewannen, ewéi de Ronaldo. Deen Drëtten op der Lëscht war de Mohamed Salah, dee mat Liverpool d'Finall vun der Champions League erreecht hat an an der englescher Premier League ganzer 32 Goler schéisse konnt an domat en neie Rekord opgestallt huet.

Um Enn huet den Luka Modric gewonn, dëst nodeems hien och schonn den Titel vum beschte Futtballer vun Europa gewonnen hat.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.