FuttballUnion Titus Péiteng trennt sech vum Trainer Baltemar Brito

Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, dass sech d'Union Titus Péiteng, aus der Ieweschter Divisioun, vun hirem Trainer dem Baltemar Brito trennt.

De Baltmear Brito ass ganz riets am Bild.© RTL Archivbild

Et hätt ee sech "d'un commun accord" dorobber gëeenegt, heescht et an engem Communiqué. De Veräin géif dem Trainer a sengem Adjoint, dem Antonio Torres fir hiren Asaz Merci soen.

Den 67 Joer alen Brasilianer, deen och scho Co-Trainer vum José Mourihno war, gouf den Uspréch vun Titus wuel net gerecht. Péiteng steet an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball no der Allersronn, op der 7. Plaz, mat engem Retard vun 11 Punkten op de Leader Jeunesse a vun 8 Punkten op déi lescht europäesch Plaz, wou Diddeleng als Tabellendrëtte kënnt.

An der leschter Partie e Sonndeg hat Péiteng mat der Ettelbrécker Etzella 1-1 gläich gespillt.

Schreiwes vun Titus Péiteng

L'Union Titus Pétange et son entraîneur Monsieur Baltemar Brito ont décidé de mettre un terme à leur collaboration d'un commun accord. L'Union Titus Pétange remercie Monsieur Brito et son adjoint Monsieur Torres pour tout le travail accompli dans le cadre de l'évolution du club.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.