Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMartins trëfft fir Troyes, Philipps wënnt mat Legia

E Mëttwoch den Owend huet Legia auswäert 3:0 géint Chrobry Glogow an der Aachtelsfinall vun der polnescher Coupe gewonnen.

De Christopher Martins© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu - Archiv)
D'Goler hunn de Michal Kucharczyk an zweemol de Carlos Miguel Cafu geschoss.

An der franséischer Ligue 2 konnt Troyes sech en Dënschdeg den Owend doheem 3:2 géint Orléans duerchsetzen, Metz wënnt 2:0 géint de Red Star. Bei deene Metzer souz de Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans awer déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. D'Goler fir d'Grenaten huet den Habib Diallo geschoss, an der 54. an an der 77. Minutt, deen zweeten op Eelefmeter.

An der Partie Troyes géint Orléans goung et hin an hier: An der 66. Minutt huet de Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins den 2:2 geschoss, an duerch e Gol vum Bryan Pele an der 83. konnt Troyes déi 3 Punkte fir sech halen.




No 17 Spilldeeg steet Metz op der 1. Plaz vun der Tabell, Troyes ass 7. an der Ligue 2.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.