FOTOEN - DëschtennisLëtzebuerger Damme qualifizéiere sech fir EM 2019 zu Nantes

Duerch eng 3:0-Victoire en Dënschdeg um Hesper Holleschbierg géint den Aserbaidschan hunn d'Lëtzebuerger Damme sech fir d'EM 2019 zu Nantes qualifizéiert.

Dëschtennis - De Resumé vum Marc Burelbach



En Dënschdeg den Owend gouf zu Hesper d'EM-Qualifikatioun gespillt. Nominéiert fir dës Partie ware mam Ni Xia Lian (Europa-Ranking 13), Sarah de Nutte (22), Danielle Konsbruck (81), Sarah Meyer (138) an och Tessy Gonderinger (190) déi 5 stäerkst Lëtzebuerger Dammen. Duerch eng kloer 3:0-Vicoire am éischte Match am Mee 2018 zu Baku war d'Qualifikatioun schonns bal sécher, just bei enger 0:3-Néierlag wier et knapp gi fir d'FLTT-Dammen. En Dënschdeg den Owend hu si dunn awer net vill ubrenne gelooss, well och den zweete Match konnte si mat 3:0 fir sech entscheeden.

Lëtzebuerger Dëschtennis-Damme qualifizéiere sech fir EM (05.12.2018)
Duerch eng 3:0-Victoire en Dënschdeg um Hesper Holleschbierg géint den Aserbaidschan hunn d'Lëtzebuerger Damme sech fir d'EM 2019 zu Nantes qualifizéiert.

D'Sarah de Nutte huet den Ufank gemaach, d'Spillerin vu Bad Driburg konnt sech kloer mat 11:4, 11:2 an 11:7 géint d'Bilura Eminova duerchsetzen. Dono war et dunn um Ni Xia Lian. Déi beschte Lëtzebuergerin konnt sech dann och mat 3:0 duerchstezen. Si huet mat 11:9, 11:4 an 11:9 géint d'Maryam Imanova gewonnen. An der leschter Partie war et dann d'Danielle Konsbruck, wat d'Partie entscheet huet. D'Spillerin vu Rued huet mat 11:4, 11:5, 9:11 a 15:13 gewonnen, esou dass et kloer 3:0 fir Lëtzebuerg ausgeet.

Um Enn kommen d'Lëtzebuerger Dammen domat op déi zweete Plaz an hirer Grupp, dat hannert Däitschland. Déi drëtt a lescht Plaz ass fir den Aserbaidschan.

Hei den Iwwerbléck vun der Campagne vun den Dammen
Däitschland - Aserbaidschan 3:0
Lëtzebuerg - Däitschland 1:3
Aserbaidschan – Lëtzebuerg 0:3
Aserbaidschan – Däitschland 0:3
Däitschland – Lëtzebuerg 3:0
Lëtzebuerg – Aserbaidschan 3:0

D'Tabell vun der Grupp

1. Däitschland 4-0 Victoiren/ 12-1 Matcher
2. Lëtzebuerg 2-2 Victoiren/ 7-6 Matcher
3. Aserbaidschan 0-4 Victoiren/ 0-12 Matcher

Hären
Fir d'Häre war eng direkt Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft scho virum leschte Match géint Russland onméiglech, dat well ee bis dohinner alles verluer hat an deemno ware Russland a Griicheland net méi anzehuelen. Well Russland sécher qualifizéiert war, huet de russesche Coach Sergey Vlasov dann och mam Maxim Kiselev (182), Taras Merzlikin (288) a Maxim Chaplygin (363) dräi jonk Spiller op den Holleschbierg geschéckt. Fir Lëtzebuerg goufen de Luka Mladenovic (80), Gilles Michely (231), Marc Dielissen (301), Fabio Santomauro (310) an den Traian Ciociu (321) nominéiert. Um Enn gouf et eng 0:3-Néierlag fir d'FLTT-Formatioun.

Déi éischt Partie war direkt déi spannendst. Do war et nämlech de Match tëscht dem Luka Mladenovic an dem Maksim Kiselev. De Lëtzebuerger hat de bessere Start erwëscht a konnt den éischte Saz mat 11:7 gewannen. Dono konnt de Russ awer zwee Sätz um Stéck gewannen. De Mladenovic, dee fir Mainz spillt, huet dunn awer seng Stäerkt bewisen a konnt de 4. Saz mat 11:1 gewannen, esou dass et an den decisive 5. Saz huet misse goen. Do huet et dem fréieren Ettelbrécker awer u Konzentratioun gefeelt, esou dass de Kiselev de Saz mat 11:7 gewanne konnt an domat och de Match. An der zweeter Partie huet de Gilles Michely vum DT Diddeleng sech mat 11:8, 11:13, 7:11 a 7:11 missen dem Taras Merzlikin geschloe ginn. An der leschter Partie hat de Marc Dielissen vum DT Houwald keng Chance bei der 0:3-Néierlag géint de Maxim Chaplygin. De Lëtzebuerger verléiert mat 4:1, 3:11 a 6:11.

Um Enn kënnt Lëtzebuerg op déi leschte Plaz, dat hannert Russland a Griicheland, déi sech also allebéid fir d'EM zu Nantes qualifizéieren.

D'Hären hu sech zwar wuel nach net fir EM qualifizéiert. Et gëtt awer nach en zweete Qualifikatiounstour, wou si awer nach ëmmer eng Chance hu weiderzekommen. Auslousung dozou ass de 19. Dezember.

Bei der EM sinn am Ganze 24 Ekippen nom 1. Tour mat dobäi, 16 sinn elo scho weider.

Hei den Iwwerbléck vun der Campagne vun den Hären
Griicheland – Lëtzebuerg 3:0
Russland - Griicheland 3:2
Russland - Lëtzebuerg 3:0
Lëtzebuerg – Griicheland 1:3
Griicheland – Russland 3:0
Lëtzebuerg – Russland 0:3

D'Tabell vun der Grupp

1. Griicheland 3-1 Victoiren/ 11-4 Matcher
2. Russland 2-1 Victoiren/ 9-5 Matcher
3. Lëtzebuerg 0-3 Victoiren/ 1-12 Matcher

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.