Futtball1. Match am neie Stadion géint Portugal? Paul Philipp ass skeptesch
An der EM Qualifikatioun spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe jo ënnert anerem géint Portugal.
Den Heemmatch ass eréischt de 17. November 2019.
U sech sollt jo och den neie Stadion op der Cloche d'Or Enn 2019 fäerdeg ginn. Mat Portugal hätt een natierlech den idealen Géigner fir des nei Arena anzeweien.
Den FLF President Paul Philipp gleeft awer net wierklech drun, dass dëst vum Timing hir klappt. Dobäi kënnt nach, datt ee mat de Portugise schonns a Gespréicher relativ wäit war, fir de Gala-Match am neie Stadion ze spillen, onofhängeg vun der Qualifikatioun.
De Paul Philipp
Et wier natierlech fantastesch, wann een de Qualifikatiounsmatch als Gala-Match kéint huelen, mä dat wäert awer net erausgoen. Et wier ëmmer gesot ginn Enn 2019, Ufank 2020 wier de Stadion fäerdeg. Et misst ee sech dann och elo no engem anere Géigner ëmkucken, fir de Gala-Match, sou nach de Paul Philipp.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.