HandballEsch klappt Dikrech, Victoirë fir Bierchem, Käerjeng a Schëffleng

Schëffleng huet géint Péiteng näischt ubrenne gelooss. An de Spëtzepartien huet Käerjeng sech géint d'Red Boys a Bierchem sech géint Diddeleng duerchgesat.

D'Red Boys géint Käerjeng© Serge Olmo
Fir de Kont vum 10. Spilldag am Handball-Championnat bei den Häre goufen e Mëttwoch den Owend 3 Partië gespillt.

Am Kellerduell huet Schëffleng mat 37:22 géint Péiteng gewonnen. Am éischte Spëtzematch huet Bierchem d'Iwwerhand behale géint Diddeleng an dat mat 24 op 23. Am zweeten Toppmatch konnt sech de Champion Käerjeng auswäerts géint déi Déifferdenger Red Boys verdéngt behaapten an dat mat 36 op 30. Déi véiert Partie um Donneschdeg konnt Esch kloer fir sech auswäerts géint Dikrech entscheeden. Domadder steet Esch elo eleng un der Tabellespëtzt.

Handball: De Reportage vum Serge Olmo



LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Chev Dikrech - Handball Esch
Esch huet e bësse gebraucht, fir an de Match ze kommen. Esou stoung et no 12 Minutten nach 6:6, ma eppes iwwer 4 Minutte méi spéit waren d'Gäscht 10:6 vir. Am Rescht vun der Hallschent koum Dikrech net méi esou richteg drun an Esch ass mat 17:10 Avantage an d'Paus gaangen.

Kuerz nom Säitewiessel hat Esch de Match da weider ënner Kontroll an konnt den Ecart op dunn 10 Goler, 20:10, ausbauen. Vun der 40. Minutt un huet Dikrech dunn awer nees e bësse méi vum Match gehat a konnt aus engem 13:23 e 16:23 maachen. No ronn 10 Minutten ouni Gol fir Esch, huet de Martin Muller d'Ekipp aus der Minettemetropole nees erléist. Esch konnt den alen 10 Goler Ecart nees séier hierstellen an och nach e bëssen ausbauen. Zum Schluss wannen déi Escher mat 31:18 zu Dikrech.

Red Boys Déifferdeng - HB Käerjeng 30:36
Am Kordall-Derby Red Boys Déifferdeng géint den HB Käerjeng war de Gaascht vu Käerjeng an den Ufanksminutten déi dominant Ekipp. Besonnesch den Duo Chris Auger/Zoran Radojevic huet erausgestach. Den Nationalkeeper Auger huet ee Ball no deem anere gehalen an de Serb Radojevic hat an den 11 éischte Minutte scho 5 Mol markéiert. Di Käerjenger waren no ronn 23 Minutte 5 Goaler vir a waren absolut dominant.

Kuerz drop hate si eng duebel Ënnerzuel, wat déi Déifferdenger nees an de Match bruecht huet. D'Säite goufen mat 18:15 fir Käerjeng gewiesselt.

Red Boys verléiere géint Käerjeng (06.12.2018)
Am Toppmatch konnt sech de Champion Käerjeng auswäerts géint déi Déifferdenger Red Boys verdéngt behaapten an dat mat 36 op 30.


No der Paus sinn d'Visiteuren nees vill méi staark gewiescht an den Dueller an virun allem war d'Defense exzellent. No 38 Minutte war de Champion Käerjeng 9 Goaler am Avantage bei 25:16. D'Red Boys hu vill ausgewiesselt an hu virun allem hannen uerdentlech verdeedegt dëst awer nëmme fir e puer Minutten.

Déi Rout vun Déifferdeng koumen och ee Moment nees méi no erun bei 23:27 no 45 Minutten.

Déi Käerjenger hunn ouni u sech ze zweiwele weidergespillt a konnte vun den Déifferdenger Feeler profitéieren. Et ass eng verdéngte 36:30-Victoire erausgesprongen. De Zoran Radojevic huet fir Käerjeng 12 Goaler markéiert.

© Serge Olmo


HC Bierchem - HB Diddeleng 24:23
Am zweeten Toppmatch war den HC Bierchem an der Paus 13:9 am Avantage géint den HB Diddeleng. No spannende 60 Minutte stoung et 24:23 zu Gonschte vun de Réiserbänner géint de Rekordchampion Diddeleng.

HBC Schëffleng - HB Péiteng 37:22

Am Kellerduell Schëffleng-Péiteng war keng Spannung am Match. Den HBC Schëffleng huet ganz héich gewonnen an zwar mat 37:22.

An der Tabell ass Käerjeng no der Victoire géint d'Red Boys gläich un der Spëtzt mat Esch an de Red Boys. Déi 3 Ekippen hu 14 Punkten. Bierchem huet der 13. Vun deenen Ekippen hunn d'Red Boys ewell 10 Matcher gespillt, déi aner der 9.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.