Internationale FuttballLiverpool bleift u City drun, PSG just 1:1 géint Stroossbuerg

An der Premier League war et e Mëttwoch ausserdeem e spannenden 2:2 tëscht Manchester United an Arsenal.

Den Jesse Lingard vu Manchester United feier säi Gol géint Arsenal.
An Europa gouf e Mëttwoch plazeweis Futtball op héchstem Niveau gespillt.

Premier League an England
An England waren nach 6 Matcher vum 15. Spilldag: Manchester United an Arsenal deelen an engem interessante Match 2:2, Liverpool huet 3:1 géint Burnley gewonnen an Tottenham huet mam selwechte Resultat Southampton geklappt. Chelsea war bei de Wolverhampton Wanderer mat 1:2 ënnerleeën.

An der Tabell bleift Manchester City virop, awer just 3 Punkten hannendru ass Liverpool. Mat e bëssen Ecart dann Tottenham, Chelsea an Arsenal.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell aus der Premier League am Iwwerbléck

Ligue 1 a Frankräich
An der Ligue 1 waren e Mëttwoch nach 7 Partië vum 16. Spilldag an do ass Paris Saint-Germain zu Stroossbuerg net iwwer en 1:1 erauskomm. De PSG bleift awer souverän Leader an der Tabell. Dat viru Lille, Montpellier a Lyon.

Lyon huet en Mëttwoch doheem géint Rennes verluer a Lille ass en Dënschdeg 1:0 op Montpellier wanne gaangen.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell aus der Premier League am Iwwerbléck



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.