Premier LeagueRalph Hasenhüttl gëtt Trainer vum FC Southampton

Domadder gëtt den 51 Joer ale Futtballcoach den éischten Éisträicher, deen an der Premier League eng Ekipp trainéiert.

© AFP
Southampton steet net gutt an der Tabell vun der Premier League. Aktuell ass een op der 18. Plaz an huet vun de 14 Matcher just eng Kéier konnte gewannen. Dowéinst huet sech de Veräin de Weekend nom 2:2 géint Manchester United vum Trainer Mark Hughes getrennt, mat deem een ëmmerhin dat leschte Joer an d'Halleffinall vum FA-Cup koum.

A senger Plaz kënnt elo den Éisträicher Ralph Hasenhüttl, deen zanter leschter Saison ouni Veräin ass, datt, nodeem op eegen Nofro hin de Vertrag mat RB Leipzig opgeléist gouf. Den Hasenhüttl kritt e Kontrakt fir zwee an en halleft Joer op der Insel. Gréissten Erfolleg vum 51 Joer alen Trainer war eben d'Vizemeeschterschaft an der Bundesliga mam Opsteiger RB Leipzig.

Ma och am Ofstigskampf huet den Éisträicher Erfarung. Mat Ingolstadt konnt hie verhënneren, fir vun der zweeter an déi drëtt däitsch Liga ze falen a konnt d'Saison drop esouguer mat de Schanzer an d'Bundesliga opsteigen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.