Lëtzebuerger Sportlergala 2018Präisser fir Christine Majerus, Bob Jungels an F91 Diddeleng

En Donneschdegowend war zu Munneref d'Awards Night vun der sportspress, wou ënnert anerem de Sportler, d'Sportlerin an d'Ekipp vum Joer geéiert goufen.

Am Casino 2000 gouf et nieft de Präisser fir de Sportler, der Sportlerin an der Ekipp vum Joer nach e Präis fir den Ultra-Sport, ee Fair-Play-Präis, ee Präis fir Sport an Handicap, ee Prix d'honneur an e Präis fir déi beschte jonk Sportlerin an dee beschte jonke Sportler.

Lëtzebuerger Sportlergala 2018 (07.12.2018)
En Donneschdegowend war zu Munneref d'Awards Night vun der sportspress, wou ënnert anerem de Sportler, d'Sportlerin an d'Ekipp vum Joer geéiert goufen.


FOTOGALERIE: Och vill flott Impressioune vum Owend op pressphoto.rtl.lu.

© Screenshot


Sportlergala 2018 / Reportage Rich Simon





Sportler vum Joer
Fir d'éischte Kéier a senger Karriär ka sech de Bob Jungels iwwer de Präis vum Sportler vum Joer freeën. De Cyclist vun der Ekipp Quick-Step Floors wënnt mat enger riseger Avance, hie krut nämlech 542 Punkten. Säi wuel gréisste Succès an dëser Saison war seng Victoire beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck, wou hien no enger Attack an der Côte de la Roche aux Faucons als Solist gewanne konnt. Weider koum de Bob Jungels beim Tour de France op déi 11. Plaz. Op déi zweete Plaz kënnt de Bob Bertemes mat 275 Stëmmen, deen och nach eemol e ganz grousse Virsprong op de Kamil Rychlicki huet, deen op déi 3. Plaz kënnt. De Bob Bertemes war bei der Liichtathletik-EM am Bommstoussen op déi 6. Plaz komm an hat mat 21 Meter en neien nationale Rekord opgestallt. De Kamil Rychlicki konnt ënnert anerem mat Noliko Maaseik déi belsch Coupe am Volleyball gewannen.

© Screenshot


Sportlerin vum Joer
Mat ganze 539 Punkte kënnt d'Christine Majerus bei der Wiel vun der Sportlerin vum Joer souverän op déi éischte Plaz. Fir d'Lëtzebuerger Cyclistin ass et schonns de 5. Titel an dobäi elo de 4. hannerteneen. D'Cyclistin vun der Ekipp Boels-Dolmans hat um Enn 236 Punkten Avance op d'Mandy Minella, déi mat 303 Votten op déi 2. Plaz kënnt. Domat kann d'Spillerin vun der Spora hire Succès aus dem Joer 2011 net widderhuelen, dat obwuel si no hirer Bëbee-Paus een erfollegräiche Retour op de WTA-Circuit virzeweisen huet. Op déi drëtte Plaz kënnt eng weider fréier Gewënnerin an zwar d'Ni Xia Lian. D'Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin gouf am Joer 2001 zur Sportlerin vum Joer gewielt. 2018 kënnt si op 174 Stëmmen. Hannendru kommen dann nach d'Charline Mathias, d'Sarah de Nutte, d'Jenny Warling an d'Charlotte Bettendorf.

© Screenshot


Ekipp vum Joer
Den F91 Diddeleng gouf als Ekipp vum Joer geéiert, dat fir déi zweete Kéier no hirem éischten Titel am Joer 2012. D'Ekipp aus der Forge du Sud hat et jo als éischt Lëtzebuerger Ekipp gepackt, fir an d'Gruppephas vun der Europa League ze kommen. Um Wee dohinner hate si jo ënnert anerem Legia Warschau a CFR Cluj eliminéiert. Weider gouf den F91 Diddeleng och Lëtzebuerger Champion. Um Enn komme si op 544 Punkten. Op déi zweete Plaz kënnt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp. D'Rout Léiwe hate jo an der Nations League ee gudde Parcours higeluecht a konnten hei 3 Victoirë feieren, dorënner och de 4:0 géint Moldawien. Um Enn koume si mat 10 Punkten op déi zweete Plaz hannert Wäissrussland. Si kruten 333 Votten. Op déi drëtt Plaz kënnt den Dammen-Dubbel Ni Xia Lian/Sarah de Nutte. Déi zwou Lëtzebuerger Dëschtennisspillerinne koume bei den Europameeschterschaften zu Alicante a Spuenien op déi drëtte Plaz am Dammendubbel an hunn domat Bronz gewonnen. Op hirem Kont stinn um Enn 197 Punkten. Hannendru kommen d'Härennationalekipp am Bouschéissen am Recurve, d'Dammen-Dëschtennis-Nationalekipp, de Progrès Nidderkuer an d'Häre vum HC Bierchem.

© Screenshot


Trainer vum Joer
Den Dino Toppmöller gouf dann och als Trainer vum Joer gewielt. Den däitsche Futtball-Trainer konnt mam F91 Diddeleng deen uewe genannten Exploit realiséieren. Hie krut 411 Stëmmen. Déi zweete Plaz ass fir de Luc Holtz mat 331 Stëmmen. De Lëtzebuerger Futtball-Nationaltrainer huet fir eng erfollegräich Campagne an der Nations League gesuergt. Déi drëtte Plaz geet un ee weidere Futtball-Trainer an zwar un de Jeff Saibene, deen d'lescht Saison mat senger Ekipp Arminia Bielefeld esou just den Opstig an déi éischt Bundesliga verpasst hat. Op d'Plaze 4 bis 6 kommen de Ken Diederich, den Dejan Gajic an de Camille Schmit.

© Screenshot

Präis Sport an Handicap

Special Olympics Luxembourg

Präis Ultra-Sport

Ralph Diseviscourt, Cyclissem

Fair-Play-Präis

Yannick Lieners, Liichtathletik

Prix d'Honneur sportspress.lu

Lucien Gretsch+ (à titre posthume), Sportjournalismus

Prix du Jeune Espoir Féminin et Masculin
Eléonora Molinaro, Tennis

Leandro Barreiro, Futtball

Hei nach eemol all déi Nominéiert
Nominéiert fir Sportler vum Joer

Bertemes Bob, Liichtathletik

Drucker Jempy, Cyclissem

Habscheid Tom, Liichtathletik Parasport

Haller Bob, Triathlon

Jans Laurent, Futtball

Jungels Bob, Cyclissem

Kurt Joe, Triathlon Parasport

Muller Gilles, Tennis

Nissen Sören, Cyclocross/Mountain-bike

Payet Gregor, Triathlon

Pereira Dylan, Auto-Moto-Sport

Philipps Chris, Futtball

Rychlicki Kamil, Volleyball

Schulz Sacha, Dressur-Reiden

Seywert Gilles, Bouschéissen Compound

Sosa Lyndon, Sportschéissen Trap

Stacchiotti Raphaël, Schwammen

Nominéiert fir Sportlerin vum Joer

Bettendorf Charlotte, Reiden

De Nutte Sarah, Dëschtennis

Majerus Christine, Cyclissem

Mathias Charline, Liichtathletik

Minella Mandy, Tennis

Ni Xia Lian, Dëschtennis

Warling Jenny, Karate

Nominéiert fir Ekipp vum Joer

Futtball-Nationalekipp vun den Hären

F91 Diddeleng (Hären)

Progrès Nidderkuer (Hären)

HC Bierchem (Hären)

Dëschtennis-Dubbel Ni Xia Lian / Sarah De Nutte 

Dëschtennis-Nationalekipp vun den Dammen

Bouschéissen-Nationalekipp am Recurve

Nominéiert fir Trainer vum Joer

Diederich Ken, Basket

Gajic Dejan, Handball          

Holtz Luc, Futtball

Saibene Jeff, Futtball

Schmit Camille, Liichtathletik

Toppmöller Dino, Futtball

Präis fir de beschte Jonke Sportler an déi bescht Sportlerin

Prix du Jeune Espoir masculin : Leandro Barreiro (Futtball)

Prix du Jeune Espoir féminin : Eléonora Molinaro (Tennis)





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.