Futtball-CoupePreview op de Spëtzematch Diddeleng-Fola

Éiert d'Wanterpaus am nationale Futtball richteg ufänkt, ass dëse Weekend nach eng Kéier e wichtege Rendez-vous mat der Aachtelsfinall an der Coupe.

© Val Wagner / RTL (Archiv)

An der absoluter Spëtzepartie kritt den F91 Diddeleng e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer Besuch vum grousse Rival, der Fola vun Esch.

Futtball-Coupe: F91 Diddeleng - Fola

Den F91 ass jo zanter en Donneschdeg den Owend d'Ekipp vum Joer. Duerch déi exzeptionell Leeschtungen an der Europa League Qualifikatioun, hunn déi Diddelenger elo am Dezember awer natierlech och scho vill Matcher an de Been, erkläert de Kapitän vum F91 Tom Schnell. Dat awer dierf keng Excuse sinn, mä et muss een fir dëse wichtege Match nach 100 Prozent ginn.

Bei der Fola leeft et zanter dem Retour vum Jeff Strasser op d'Trainerbänk richteg gutt, datt huet een och zu Diddeleng festgestallt. Et gesäit een hei den Effet "Jeff Strasser" gutt, mä Diddeleng muss einfach säi Spill duerchzéien, sou hire Kapitän weider.

7 Matcher huet d'Fola hannerteneen an de leschte Wochen am Championnat gewonnen, plus een an der Coupe, esou de Stefano Bensi vun der Fola. Déi Serie wëll een elo awer nach esou wäit wéi méiglech weider duerchzéien. Elo gëllt et drop hinzeschaffen, fir an der Coupe weider ze kommen.

No sengem Kräizbandrass, huet de Stiermer vun der Fola och e groussen Undeel um aktuellen héich vun deene Rout-Wäissen. Am Championnat haten sech déi Escher ganz onglécklech missen géint den F91 geschloen ginn. Do steet also nach eng Rechnung op, well et konnt een do trotz ganz gudder Performance de Match net gewannen.

D'Spëtzepartie F91 Diddeleng géint d'Fola Esch, an der Aachtelsfinall gëtt e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer ugepaff.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.