Maxime ChanotUSA-Aventure geet weider

De Lëtzebuerger Nationalspiller huet bei New York City FC een neie Kontrakt fir déi nei Saison an doriwwer eraus ënnerschriwwen.

© pressphoto

Gutt Noriichte fir de Maxime Chanot. De Lëtzebuerger Defenseur, deem seng Aventure USA am Joer 2016 mat engem Wiessel bei New York City FC ugefaangen huet, krut vu sengem Veräin een neie Kontrakt virgeluecht. Wéi de Veräin op hirem Internet-Site matgedeelt huet, géif et sech heibäi ëm ee 'multi-year contract' halen - net präziséiert gouf, ëm wéi vill Joer et sech bei der Verlängerung genee handelt.





An de leschte Woche war ze héieren, datt dem Chanot säi Kontrakt net verlängert géif ginn, ma elo huet de Lëtzebuerger Nationalspiller fir déi nächst Jore Sécherheet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.