Coupe de LuxembourgMunneref wënnt no Verlängerung mat 2:1 géint Déifferdeng

Diddeleng ka sech géint d'Fola duerchsetzen, d'Etzella klappt d'Jeunesse mat 1:0.

Diddeleng ka sech géint d'Escher Fola duerchsetzen (09.12.2018)
An engem richtege Spëtzematch gouf et Chancen op béide Säiten.
Um Sonndeg stoung am Lëtzebuerger Futtball bei den Hären d'Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg um Programm.

Op Grond vum ville Reen huet de Match tëscht der Millebaach a Biissen misse verluecht ginn.

F91 Diddeleng - Fola 2:1
Vun Ufank u ware béid Ekippe motivéiert a si mat Tempo an de Match gaangen. No 2 Minutte konnt den Esposito de Ball no enger Flank virum Sinani ewechboxe.
Kuerz duerno an der 7. Minutt war et den Hadji, deen aus ronn 7 Meter um Esposito hänke bliwwe war, dëst nodeems de jonke Golkipp vun Diddeleng de kuerzen Eck gutt zougemaach hat.

An der 12. Minutt war et dann op der anerer Säit, wou et gerabbelt hat. Den Turpel konnt sech iwwer riets duerchsetzen an hat de Stolz an der Mëtt fonnt. Dëse konnt d'Onuerdnung an der Escher Defense ausnotzen. De Klein hat nach probéiert, de Ball ze kläre, ma dëst ass him awer net esou richteg gelongen a sou konnt de Stoltz aus kuerzer Distanz markéieren.

An der 22. Minutt hat d'Escher Fola déi éischt grouss Chance op den Ausgläich. No engem Feeler vum Schnell an der Defense stoung de Sinani eleng virum Esposito, dee sech awer laang gemaach hat a sou zum Corner konnt ofwieren.

D'Fola hat probéiert, séier no vir ze spillen an déi Diddelenger fréi ënner Drock ze setzen a war iwwert wäit Strecken déi besser Ekipp, dëst allerdéngs ouni sech fir hir Beméiungen ze belounen

Kuerz virun der Paus an der 44. Minutt war et dann de Sinani op der Säit vun der Fola, deen d'Chance op den Ausgläich hat, säi Schoss konnt awer nach vum Prempeh zum Corner deviéiert ginn.

Nom Säitewiessel war Diddeleng verbessert aus der Kabinn komm, an hate probéiert, de Score ze erhéijen.

An enger zimlech ausgeglachener zweeter Halschent konnt sech bis dem Bensi säi Schoss vum Klapp konnt matgeholl ginn, ma säi Schoss an der 74. Minutt war awer net am Filet gelant.

Kuerz duerno hat den Turpel et dann awer besser gemaach a konnt op 2:0 vir seng Faarwen erhéijen, dëst no enger Virlag vum Stolz. Den Turpel hat aus kuerzer Distanz keng Problemer méi.

Um Enn sollt et dann och nach emol spannend ginn. Den Esposito konnt an der 90. Minutt gutt paréieren, ma den Dikaba konnt d'Onuerdnung an der Defense notzen konnt nach op 1:2 verkierzen.

Um Enn sollt et awer net méi duer goen a sou konnt sech Diddeleng mat 2:1 géint d'Fola duerchsetzen.

Diddeleng ka sech géint d'Escher Fola duerchsetzen (09.12.2018)
An engem richtege Spëtzematch gouf et Chancen op béide Säiten.


© Franky Hippert


Wooltz 71(EP)  - Rouspert 0:2

Munneref - Déifferdeng 2:1 (n.V.)
D'Gäscht vun Déifferdeng waren offensiv an d'Partie gestart an no 10 Minutten huet et dann och eng éischte Kéier am Filet ageschloen an et waren di Déifferdenger, déi a Féierung konnte goen mam Lohei.

An der 12. Minutt war et de Bosson, dee no engem héije Ball den Ausgläich käppe konnt an dem Golkipp keng Chance gelooss hat.

An der 32. Minutt hat de Soares et vir Munneref mat engem Distanzschoss probéiert a kuerz virun der Paus hat de Yao och nach eng gutt Geleeënheet, ma och des Chancë ware net vun Erfolleg gekréint. 

Déifferdeng war besser aus der Kabinn komm, ma an der 56. Minutt hat de Marques bal den 2:1 geschoss. Säi Ball goung no enger super Flank awer just op d'Lat.

An enger intensiver zweeter Halschent hu béid Ekippen eng Entscheedung gesicht. Munneref hat ënnert dem Stréch déi besser Geleeënheeten, ma et sollt sech awer näischt méi um Score änneren, sou dass et an d'Verlängerung gaange war.

An der Verlängerung war et dann de Franzoni, deen an der 93. Minutt déi éischt Chance hat, ma säi Volley war awer net vun Erfolleg gekréint.

An der 99. Minutt war et de Potto, dee fir Déifferdeng rette konnt. De May hat et aus grousser Distanz probéiert an hat domat de Golkipp um falsche Fouss erwëscht, ma de Potto stoung awer am Wee.

An der 110. Minutt konnten d'Haushäre sech da freeën. No enger Flank vum Benamra stoung de Yao genau richteg an konnt de Ball mam Kapp iwwert d'Linn drécken.

Um Enn ka sech Munneref also no Verlängerung mat 2:1 behaapten.

© Serge Olmo


Bartreng (D1) - Mäertert-Waasserbëlleg 1:3

RM Hamm Benfica - Progrès Nidderkuer 2:4

Etzella - Jeunesse 1:0
D'Etzella hat sech vun Ufank un net verstoppt a hat versicht, matzespillen. Dëst sollt hinnen och gutt geléngen. Si konnte souwuel offensiv wéi och defensiv gutt mathalen a ware souguer déi besser Ekipp. An der 24. Minutt konnt de Luisi sech dann awer iwwer riets duerchsetzen an de Pedro am Strofraum uspillen, deen awer net zu engem prezisen Ofschloss komm war.

An engem flotte Match konnt sech an der 39. Minutt d' Etzella a Féierung setzen, dëst duerch de Kadrija, deem säi Schoss aus der Distanz nach ofgefälscht gi war, sou dass de Sommer am Gol keng Chance hat.

Bis zur Paus war der Jeunesse net méi vill agefall, a sou stoung et verdéngt 1:0 fir d'Haushären.

Och no der Paus war d'Jeunesse weider wéineg geféierlech a sou hate si et zwar probéiert, ma dëst awer ouni Erfolleg.

An enger méi schwaacher 2. Halschent konnt sech keng vu béiden Ekippen eng gutt Chance erausspillen.

D'Etzella huet konzentréiert weidergespillt an der Jeunesse war et net gelongen, sech geféierlech Aktiounen erauszespillen.

Esou war et um Enn och d'Etzella, déi sech duerchsetze konnt.



US Esch(EP) - Stroossen 1:2 (n.V.)

LINK: D'Coupe de Luxembourg am Iwwerbléck