Invité vum DagDen neie Sportminister Dan Kersch

Den Dan Kersch huet iwwert seng Pläng als neie Sportminister geschwat a weist, dass et e Mann vum Terrain ass.

No 9 Joer a 6 Méint huet de Romain Schneider leschten Donneschdeg de Sportsministère u säin Nofolger Dan Kersch iwwerginn.

Den LSAP-Politiker war a senger Jugend selwer an der Liichtathletik a virun allem am Handball aktiv.

En hat als Fräiwëllegen a Reporter geschafft a säi Meedchen, d‘Leeferin Lena Kersch, vun der Tribün aus ënnerstëtzt.

Den Dan Kersch wëll an der Kontinuitéit vu sengem Virgänger weiderschaffen, mä hien huet och eege Visioune fir de Lëtzebuerger Sport an den nächste 5 Joer virunzebréngen.

Am Koalitiounsaccord ware ganzer 5 Säite fir de Sport reservéiert.

E Programm, deen den Dan Kersch an der nächster Legislaturperiod well ëmsetzen.

Invité vum Dag: den Dan Kersch (09.12.2018)
Den Dan Kersch huet iwwert seng Pläng als neie Sportminister geschwat a weist, dass et ee Mann vum Terrain ass.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.