VIDEO - Best ofRiver Plate klappt d'Boca Juniors an der Finall no Verlängerung

No dem 2:2 am éischte Match ka sech River Plate domat fir déi véierte Kéier déi südamerikanesch Kroun am Futtball opsetzen.

Copa Libertadores: Best of (10.12.2018)
River Plate klappt d'Boca Juniors an der Finall no Verlängerung. Kuckt hei déi bescht Momenter vum Match
Um Sonndeg stoung déi zweete Finall vun der Copa Libertadores um Programm. Nodeems et a Südamerika ëmmer erëm zu Streidereien a kierperlechen Ausenanersetzunge tëscht de Fans ënnerteneen awer och mat de Spiller an der Police gouf, war d'Finall am prestigiéise Santiago Bernabeu zu Madrid gespillt ginn.

An der Finall stounge sech d'Traditiounsveräiner vu River Plate a Boca Juniors géigeniwwer.

Nom 2:2 an der éischter Finall war et River Plate, déi no engem nervöse Start besser an de Match koum waren. No 20 Minutten hat de Fernandez et fir River Plate probéiert, ma säi Volley war awer net cadréiert genuch a goung iwwert de Gol.

No enger hallwer Stonn war et de Barrios, deen déi éischt Chance fir d'Boca Juniors hat. Säi Schoss konnt allerdéngs nach ofgefälscht ginn a ass esou knapp laanscht de Potto gaangen. 

Kuerz virun der Paus an der 43. Spillminutt konnt de Benedetto d'Boca Juniors dann a Féierung bréngen. No engem Pass an d'Spëtzt vum Nandez stoung de Benedetto fräi a konnt markéieren.




No der Paus stoung den Arbitter dann am Mëttelpunkt. An der 57. Minutt koum de Pratto am Strofraum vun de Boca Juniors zu Fall, ma den Arbitter hat net op Foul entscheet.

No 68 Minutte konnt River Plate dann den Ausgläich markéieren. No enger Pass vum Fernandez stoung de Pratto am Strofraum Gold richteg a konnt ouni Problem op 1:1 stellen.




Et koum wéi et huet misse kommen, et goung no 90 Minutten an d'Verlängerung.

Et hat net laang gedauert, éier d'Verlängerung richteg ugefaangen hat. An der 93. Minutt gesäit de Barrios op der Säit vu Boca Juniors seng zweete giel Kaart a konnt soumat fréizäiteg dusche goen.

An der 109. Spillminutt konnt River Plate dës Iwwerleeënheet dann och ausnotzen. De Quintero ka fir seng Faarwe markéieren, dëst nodeems hie scho puer gutt Geleeënheete leie gelooss hat.




An der 119. Minutt hat River Plate dann nach emol Chance, dëst well de Ball just op de Potto gaange war.

An der Nospillzäit dann d'Entscheedung. No engem Corner fir Boca Juniors konnt de Golkipp vu River Plate de Ball ophuelen. Hien hat den Armani Martinez geschéckt, deen an den eidele Gol treffe konnt.




Um Enn war et dann och beim 3:1 fir River Plate bliwwen, déi domat och den Titel an der Copa Libertadores gewannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.