Offiziell confirméiertArminia Bielefeld huet Jeff Saibene entlooss, Uwe Neuhaus iwwerhëlt

D'Meldung vun der Bildzeitung gouf kuerz no der Publikatioun vum Veräin confirméiert: Arminia Bielefeld trennt sech vu sengem Lëtzebuerger Trainer.

Arminia Bielefeld huet Jeff Saibene entlooss (10.12.2018)
D'Meldung vun der Bildzeitung gouf kuerz no der Publikatioun vum Veräin confirméiert: Arminia Bielefeld trennt sech vu sengem Lëtzebuerger Trainer.
Grond fir d'Entloossung wier ënner anerem den 1:1 e Sonndeg géint de Virleschte vun der 2. Bundesliga Sandhausen. Dat war den 10 Match um Stéck ouni Victoire fir Bielefeld an de Club ass op déi 14. Plaz vun der Liga gerutscht, mat just 4 Punkten Avance op d'Relegatioun.

De Saibene hat d'Ekipp am Abrëll 2017 iwwerholl an hat de Club virum Ofstig gerett. Déi lescht Saison war du gutt verlaf a si koumen op déi 4. Plaz. De Vertrag vum 50 Joer ale Lëtzebuerger leeft nach bis 2021.

Zesumme mam Saibene gouf och de Co-Trainer Carsten Rump entlooss, huet de Veräin op senger Internetsäit geschriwwen. E Méindeg den Owend koum dunn d'Nouvelle, datt den Uwe Neuhaus Successeur vum Lëtzebuerger gëtt, dëst huet Bielefeld offiziell bekannt ginn. Den Neuhaus ass keen Onbekannten an der 2. däitscher Bundesliga. Bis Enn August souz hien dräi Joer laang um Trainerstull vun Dynamo Dresden.

Saibene zu Bielefeld entlooss / Reportage Rich Simon



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.