ALL D'GOLER AM VIDEO: Champions LeagueGeckege Match tëscht Ajax a Bayern, Lyon an der Aachtelsfinall

3:3 stoung et um Enn tëscht Ajax a Bayern München, e Match, deem et u kaum eppes gefeelt huet. Lyon konnt dann nach den Ticket fir d'Aachtelsfinall buchen.

Virun de leschten 8 Matcher vun der Gruppephas an der Champions League e Mëttwoch den Owend ware schonns 15 vu 16 Ekippen, déi et an d'Aachtelsfinall gepackt haten, gewosst. E Mëttwoch ass dunn nach Olympique Lyon nogeréckelt a komplettéieren domat den Tableau vun de leschte 16 Ekippen.

Ënnert dëse 16 Ekippe sinn der 4 aus England: Manchester City, Manchester United, Tottenham Hotspurs an den FC Liverpool.

Weider hunn et och 3 spuenesch Ekippen an d'Aachtelsfinalle gepackt: den FC Barcelona, Real Madrid an Atlético Madrid.

Och Däitschland huet nach ëmmer 3 Vertrieder an der Course: Bayern München, Borussia Dortmund a Schalke 04.

Mat Juventus Turin an AS Roum kommen dann och zwou italienesch Ekippen dobäi. Och Frankräich huet nach 2 Veräiner an der Course: Paris St. Germain an Olympique Lyon.

Mat Ajax Amsterdam an dem FC Porto ass dann och nach jeeweils eng Ekipp aus Holland an eng aus Portugal mat dobäi.

LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabellen aus der Champions League am Iwwerbléck

Champions League/Reportage Guy Seyler


Grupp E
Schonns virun dësem leschte Spilldag am Grupp E war gewosst, wien en Tour weider wier, ma nach war awer net gewosst, wien 1. a wien 2 gëtt. Dës Decisioun huet e Mëttwoch den Owend an der Partie tëscht Ajax Amsterdam a Bayern München misse falen. Och war virun dësem 6. Match schonns kloer, dass Benfica Lissabon an d'Europa League géing goen.

Ajax Amsterdam - Bayern München 3:3

D'Hollänner wollte vun Ufank u weisen, wien Här am Haus ass an an der 3. Minutt war et direkt eng ganz flott Kombinatioun vun hinnen. De van de Beek gouf am Strofraum ugespillt, deen eng Une-deux mam Neres gespillt huet, ma den uschléissende Schoss vum jonken Hollänner war ze schwaach.

Ma Bayern wollt direkt eng Reaktioun weisen an déi koum nëmmen zwou Minutte méi spéit. do war et nämlech ee Feeler vun der Defense, esou dass de Lewandowski a gudder Positioun un de Ball koum, ma de Schoss vum Pol goung nieft de Gol.

Déi jonk Hollänner hu vill Drock gemaach an hunn immens séier gespillt, ma an der Defense hu sech ëmmer nees Feeler ageschlach.

An der 12. Minutt ass de Serge Gnabry dunn no enger weiderer ganz béiser Feelpass eleng op den Onana gelaf, ma de Golkipp vun Ajax konnt de Ball mat engem super Reflex paréieren.

1 Minutt méi spéit war et dunn awer den 1:0 fir Bayern. De Gnabry huet eng wonnerbar Pass op de Lewandowski gespillt, deen eleng virum Onana äiskal bliwwen ass an esou fir d'Féierung suerge konnt.

Den 1:0 fir Bayern München duerch de Lewandowski (12.12.2018)
De polneschen Nationalspiller ass virum Onana äiskal bliwwen a konnt esou op 1:0 stellen.

D'Haushären haten awer weider méi vum Match an hunn ëmmer nees probéiert, fir mat séieren, kuerze Passe Lächer opzemaachen.

De Pressing vun den Hollänner huet seng Friichte gedroen, well den däitsche Rekordchampion huet ganz vill Bäll verluer. An der 26. Minutt hate si dunn eng ganz gutt Chance. Den Neres huet eng gutt Flank op de van de Beek gespillt, ma deem säi Kappball war net placéiert genuch.

Nëmmen 1 Minutt dono dunn awer nach eng besser Chance op där aner Säit. De Müller huet eng Konterattack lancéiert, huet de Ball erausginn op de Gnabry, dee perfekt opleet fir de Lewandowski, deen awer aus kuerzer Distanz den Onana uschéisst.

Dono huet de Match e bëssen un Attraktivitéit verluer, well béid Ekippe vill Feeler gemaach hunn. Och huet Bayern sech gréisstendeels zeréckgezunn a si hunn op Feeler vun Ajax gewaart. Mat der 1:0-Féierung konnt d'Ekipp vu München dunn och zefridden an d'Paus goen.

Déi bescht Aktiounen aus der 1. Hallschent (12.12.2018)
Onkommentéiert Bildmaterial.

Ajax huet an der zweeter Hallschent weider immensen Drock gemaach, si stounge ganz héich an hu Bayern ëmmer nees am Opbauspill gestéiert an d'Hollänner koumen elo och ëmmer zu besser Chancen. An der 61. Minutt goufe si dunn och fir hiert Engagement belount. De van de Beek gouf op der rietser Säit ugespillt an deen huet den Tadic um zweete Potto fonnt, deen nach just de Fouss huet missen dohinner halen, fir op 1:1 ze stellen.

Den 1:1 fir Ajax duerch den Tadic (12.12.2018)
Den Donny van de Beek huet eng flaach Pass an d'Mëtt bruecht an de Serb konnt aus kuerzer Distanz verwandelen.

Bayern ass elo erëm wakereg ginn an an der 66. Minutt war et de Robert Lewandowski, deen eng weider ganz gutt Chance leiegelooss huet, dat well den Onana eng weider ganz gutt Parad gewisen huet.

Eng Minutt méi spéit dunn ee grousse Réckschlag fir d'Ekipp vun Amsterdam, well de Max Wöber krut déi rout Kaart gewisen, esou dass den Éisträicher fréizäiteg huet dierfen dusche goen.

Ma an der 75. Minutt war d'Ekipp vu München och nëmmen nach zu 10, well den Thomas Müller huet no engem uerge Foul déi rout Kaart gesinn. De Münchener hat mam Fouss dem Tagliafico säi Kapp geroden, onglécklech ma ganz uerg.

Et sollt nach méi batter gi fir Bayern, well an der 81. Minutt huet de Boateng den agewiesselten Dolberg vun de Bee geholl an et gouf Eelefmeter. Den Tadic ass ugetrueden an huet dat ronnt Lieder uewen an den Eck geknallt.

Den 2:1 fir Ajax duerch den Tadic (12.12.2018)
De Spiller vun Ajax Amsterdam huet vum Punkt getraff.

Ma an der 86. Minutt gouf et dunn och op där aner Säit een Eelefmeter, dat nodeems den Thiago gefoult gouf. De Lewandowski ass fir den aktuellen däitsche Champion un de Punkt gaangen an hien huet den Onana an de falschen Eck geschéckt.

Den 2:2 fir Bayern duerch de Lewandowski (12.12.2018)
De polnesche Stiermer konnt och vum Eelefmeterpunkt aus markéieren.

An der 90. Minutt war et dunn esouguer nach den 3:2 fir Bayern. No enger Feelpass vum de Jong hu Lewandowski an Thiago ganz séier gespillt an den agewiesselte Coman konnt vun hirer Viraarbecht profitéieren, fir den 3:2 ze markéieren.

Den 3:2 fir Bayern duerch de Coman (12.12.2018)
Den agewiesselte Coman konnt kuerz virun Enn vun der Partie Bayern nees a Féierung bréngen.

Et war awer nach ëmmer net eriwwer an an der Nospillzäit huet Ajax dunn alles no vir gehäit an no engem Duercherneen am Strofraum war et dunn de Süle, deen de Ball onglécklech an den eegene Gol gedréckt huet.

Den 3:3 fir Ajax duerch ee Selbstgol vum Süle (12.12.2018)
Den däitschen Nationalspiller huet de Ball onglécklech an den eegene Gol gedréckt.

Um Enn ass et du bei dësem spektakulären 3:3 bliwwen, esou dass Bayern sech déi éischte Plaz an dëser Grupp séchere kann.

Déi bescht Aktiounen aus der 2. Hallschent (12.12.2018)
Onkommentéiert Bildmaterial.

Benfica Lissabon - AEK Athen 1:0

Champions League: Benfica - AEK Athen 1:0 (12.12.2018)
Benfica Lissabon wënnt mat 1:0 géint AEK Athen duerch ee spéide Gol vum Grimaldo.

Benfica huet d'Heft vun Ufank u kloer an d'Hand geholl an hat uerdentlech Zoch no vir, ma d'Portugisen hate Schwieregkeeten, an de Strofraum vun de Griichen eranzekommen. Athen huet sech an der Ufanksphas ganz kloer op d'Defense konzentréiert an hat nawell Problemer, fir aus der eegener Hallschent erauszekommen.

Benfica war kloer besser, ma et goung ouni Goler an d'Paus. Och an den zweete 45 Minutten huet d'Lokalekipp komplett dominéiert, mee si hunn hir Chancen einfach net genotzt. Emol net den eidele Gol hu si getraff. An der 73. Minutt war de Grimaldo nämlech laanscht de Golkipp, ma huet ze laang gewaart, fir ze schéissen, esou dass een Defenseur op der Linn kläre konnt. Zwou Minutte virdrun hat de Seferovic nëmmen d'Lat getraff. An der 87. Minutt krut de Galanopoulos dunn déi giel-rout Kaart gewisen an den uschléissende Fräistouss konnt de Grimaldo dunn eraschéissen, esou dass Benfica um Enn mat 1:0 gewënnt.

Grupp F
Am Grupp F war nach praktesch alles op. Zwar war schonn sécher, dass Manchester City an der Aachtelsfinall wier, ma hannendru war nach villes op, och wa fir Hoffenheim héchsten nach d'Europa League méiglech war. Donezk a Lyon hunn ëm déi zweete Plaz am Grupp F gekämpft an dat dann och e Mëttwoch den Owend am direkten Duell an der Ukrain.

Champions League: D'Resuméen aus dem Grupp F (12.12.2018)
Manchester City - Hoffenheim 2:1 / Donetsk - Lyon 1:1

Manchester City - TSG Hoffenheim 2:1

Béid Ekippe hu vun Ufank un hei uerdentlech Tempo an d'Spill bruecht an esou kruten d'Spectateuren och eng Rei Chancen ze gesinn. An der 6. Minutt war Hoffenheim eng éischte Kéier geféierlech. De Kramaric huet de Ball erausginn op de Schulz, deen de Grillitsch an der Mëtt fonnt huet, ma den Éisträicher koum net entscheedend un de Ball.

Ma och Manchester City huet sech hei net verstoppt an hat no 9 Minutten eng éischt gutt Chance, de Schoss vum Sané no Virlag vum Foden konnt awer geblockt ginn.

Bei Hoffenheim war uerdentlech Zoch dran, de Bittencourt gouf op d'Rees geschéckt an huet an der Mëtt de Kramaric fonnt, deem säi Schoss knapps iwwert de Gol gaangen ass.

An der 16. Minutt konnt Hoffenheim dunn awer a Féierung goen an dat duerch een Eelefmeter vum Kramaric, dee frech an d'Mëtt geschoss huet. Do virdrun hat de Laporte den Hübner gefoult.

Manchester City konnt du kuerz virun der Paus ausgläichen an dat duerch een herrleche Fräistouss vum Leroy Sané aus knapp 25 Meter. Keng Chance fir de Baumann am Gol vum Bundesligist.

An der zweeter Hallschent huet City dunn awer richteg opgedréint. No engem Corner vun Hoffenheim sinn d'Englänner zu 3 Mann eleng op de Baumann zougelaf, ma si hunn et tatsächlech net hikritt, fir de Ball am Gol ënnerzebréngen.

An der 61. Minutt huet City dunn awer den 2:1 geschoss an dat iwwer eng Konterattack. De Gündogan huet de Sané lancéiert an deen huet sech op de Wee Richtung Gol gemaach. De jonken Däitschen huet eng Une-deux mam Sterling gespillt an dunn de Ball aus ronn 7 Meter am Gol ënnerbruecht. Bei dësem Stand ass et och bis zum Enn bliwwen.

Schachtar Donezk - Olympique Lyon 1:1

Lyon war immens offensiv opgestallt a si hu vun Ufank un op Ballbesëtz gesat, ma an der Ufanksphas hu si awer kee Wee fonnt, fir geféierlech ze ginn.

Wat de Match méi laang gelaf ass, wat Lyon ëmmer besser an de Match komm ass, nach huet et awer nach u richtege Golchancë gefeelt.

An der 20. Minutt hat Lyon dunn déi ganz grouss Chance op den 1:0. De Fekir huet eng super Pass genau an d'Schnëttstell gespillt. Den Traoré war ganz eleng virum Golkipp an hien hätt den 1:0 misse maachen, ma hien huet de Pyatov ugeschoss.

A si goufen direkt bestrooft, well an der 22. Minutt konnt Donetsk de Score opmaachen. D'Ukrainer hunn an der Manéier vun enger Handballekipp de Ball ronderëm de 16-Meter gespillt. No enger flank vum Ismaily konnt de Junior Moraes dunn den 1:0 markéieren.

Lyon huet sech awer net ënnerkréie gelooss a si hu weider monter no vir gespillt. Si koumen och ëmmer erëm zu Chancen, ma dës hu si ze liicht verginn.

Kuerz virun der Paus war et bal den Ausgläich. De Fekir huet sech op der lénkser Säit ganz gutt duerchgesat an huet an de Réckraum gespillt, wou de Mendy geschoss huet. Dee war awer beim Schoss ewechgerutscht, esou dass de Pyatov paréiere konnt.

Lyon huet gekämpft a si hunn an der zweeter Hallschent alles probéiert, fir nees an de Match ze fannen an hir 2. Plaz an dëser Grupp ze verdeedegen.

An der 65. Minutt konnt den Nabil Fekir dunn den héichverdéngten Ausgläich markéieren. Den Depay huet eng Flank an de Réckraum bruecht, deen de Ball wonnerbar uewe lénks an de Wénkel geschoss huet.

Lyon konnten den 1:1 bis zum Schluss halen an esou qualifizéiere sech d'Fransousen als lescht Ekipp fir d'Aachtelsfinallen. Fir Donetsk geet et deemno an d'Europa League.

Grupp G
Am Grupp G war virum leschte Spilldag och esou gutt ewéi alles kloer. Madrid stoung mat 12 Punkten un der Spëtzt an haten 3 Punkten Avance op Roum. Pilsen a Moskau haten allebéid 4 Punkten um Konto.

Champions League: D'Resuméen aus dem Grupp G (12.12.2018)
Real Madrid - ZSKA Moskau 0:3 / Viktoria Pilsen - AS Roum 2:1

Real Madrid - ZSKA Moskau 0:3

D'Madrilene stounge schonns sécher an der Aachtelsfinall an dofir sinn déi Kinneklech e Mëttwoch den Owend och mat enger B-Eelef opgelaf. Den Trainer huet virun allem ville jonke Spiller eng Chance ginn, fir sech ze beweisen. An déi hunn dat an der Ufanksphas och guer net emol sou schlecht gemaach. ZSKA huet sech zeréckgezunn an huet op Konterattacke gelauert. No 26 Minutten haten d'Haushären dunn hir bis dohinner beschte Chance. De jonke Vinicius ass op lénks duerchgaangen an ass an d'Mëtt gezunn, den Akinfeev konnt säi Schoss awer paréieren, den Noschoss vum Asensio goung knapps laanscht de Gol. Madrid war elo lancéiert an nëmme 6 Minutte méi spéit huet den Asensio dunn nëmmen d'Lat getraff.

An der 37. Minutt hunn d'Spectateuren am Estadio Santiago Bernabeu dunn awer den éischte Gol gesinn an dee goung ganz iwwerraschend net op de Kont vun de Madrilenen. Déi éischt gelonge Konterattack vu Moskau huet nämlech zum 1:0 gefouert. De Sigurdsson huet de Sanchez stoegelooss an huet de Chalov gesinn, deen aus knapp 14 Meter wonnerbar mat lénks an den Eck schéisst.

Real war elo geschockt an nëmme kuerz drop hat de Fedor Chalov bal eng zweete Kéier zougeschloen, ma hien ass ganz knapps laanscht de Ball gerutscht. Madrid war ewéi paralyséiert an an der 43. Minutt war et dunn den 2:0. De Fernandes war net ze stoppen, ass duerch déi komplett Defense gaangen an huet ofgezunn. De Courtois konnt de Schoss zwar paréieren, ma de Ball ass dem Schennikov virun d'Féiss gefall, deen ouni Problemer erhéije konnt.




De Solari huet an der Paus reagéiert an huet de waliseschen Nationalspiller Gareth Bale agewiesselt. Ma et sollt net vill besser goen an an der 53. Minutt hate si Chance, dass et keen Eelefmeter gouf fir Moskau, nodeems de Llorente um Chalov sengem Trikot gezunn huet. Kuerz drop war dunn och Feierowend fir de Llorente, fir hien ass den Toni Kroos op den Terrain komm.

Et sollt awer alles näischt hëllefen, well an der 73. Minutt konnt Moskau esouguer nach den 3:0 markéieren. De Vlasic ka maachen, wat e wëll a passt op de Sigurdsson, deen de Ball aus 14 an de Gol schéisse konnt. Um Enn ass et dunn och bei dësem Resultat bliwwen, esou dass Moskau iwwerraschend mat 3:0 zu Madrid gewënnt. Och schonns den éischte Match géint Madrid konnt ee fir sech entscheeden.

Domat ass et fir Real Madrid déi éischten Heem-Néierlag an der Champions League zanter 28 Matcher.




Viktoria Pilsen- AS Roum 2:1

Fir d'AS Roum ass et an dëser Partie net méi ëm vill gaangen an esou sinn d'Italiener an den éischte 45 Minutten och opgetrueden. Wéineg Tempo, kaum Asaz, wéineg Kreativitéit an deemno kaum Golchancen. Et war net flott ze kucke fir d'Spectateuren, well och vu Pilsen, fir déi et jo ëmmerhin nach ëm déi 3. Plaz an déi domat verbonnen Europa-League-Qualifikatioun gaangen ass, koum net vill. Déi beschte Chance hat Pilsen an der 39. Minutt: De Kovarik huet de Ball mat lénks virun de Gol bruecht, ma den Chory ass esou just laanscht de Ball geflunn, esou dass et ouni Goler an d'Paus goung.

Nom Säitewiessel ass dunn awer e bësse méi Schwong an d'Partie komm, dat louch virun allem un den Hausha¨ren, déi elo méi Wëlle gewisen hunn. An der 62. Minutt goufe si du fir hiert Engagement belount. De Kopic ass iwwer déi riets säit gedribbelt an ass an de Strofraum gezunn, wou hien eng perfekt Pass op de Kovarik gespillt huet, deen de Score dunn opmaache konnt.

Ma nëmme 6 Minutte méis spéit war et dunn den Ausgläich fir Roum. Den N'Zonzi spillt aus der Mëtt ee Ball op de rietse Fligel. Do hat de Santon ganz vill Zäit a Plaz an huet den Ünder um 16-Meter fonnt, dee ganz staark ënnen an den Eck schéisse konnt.

Pilsen huet dëst awer net laang op sech setze gelooss an an der 72. Minutt si si erëm a Féierung gaangen. Den Hrosovsky huet eng wonnerbar Flank vum Kovarik mat der Broscht ugeholl an huet geschoss. De Mirante konnt de Ball nëmmen ofpralle loossen an den Chory huet per Fluchkappball op 2:1 gestallt.

6 Minutte méi spéit war et dunn nach bal den 3:1, ma de Kappball vum Hubnik goung esou just nieft de Gol. Bis zum Schluss sollt et dunn och beim 2:1 bleiwen an esou ka Pilsen sech iwwer déi 3. Plaz freeën an domat och d'Qualifikatioun fir den nächsten Tour an der Europa League. Batter Fir Moskau, déi 3:0 zu Madrid gewonnen hunn, well déi Victoire geet net duer, fir viru Pilsen ze kommen.




Grupp H
Champions League: D'Resuméen aus dem Grupp H (12.12.2018)
Young Boys Bern - Juventus Turin 2:1 / Valencia - Manchester United 2:1

Valencia - Manchester United 2:1

Vu Manchester United ass an der éischter Hallschent net wierklech vill geschitt. D'Englänner waren an der éischter Hallschent komplett harmlos an hu Valencia d'Spill iwwerlooss. D'Spuenier hunn dat schlecht Spill vu Manchester ausgenotzt, fir an der 17. Minutt a Féierung ze goen. Eng u sech ongeféierlech Flank gëtt esou hallef vum Jones gekläert an op eemol lant de Ball virun de Féiss vum Soler, deen aus kuerzer Distanz op 1:0 stelle konnt. Valencia war och dono kloer déi besser Ekipp an ass domat verdéngt mat der Féierung an d'Paus gaangen.

D'Red Devils sinn och genau esou schlecht an déi zweet Hallschent gestart, well Valencia konnt an der 47. Minutt op 2:0 stellen an dat duerch ee Selbstgol vum Jones. Den engleschen Defenseur ass an ee Lafduell mam Batshuayi gaangen a wollt de Ball zur Sécherheet zeréck op de Golkipp spillen, dee stoung awer ze wäit virum Gol an huet de Ball net méi erwëscht, esou dass dësen am Filet gelant ass.

Manchester konnt an der 87. Minutt zwar nach eemol verkierzen, dat duerch de Marcus Rashford, ma um Enn verléiere si de Match mat 1:2 géint Valencia.

Young Boys Bern - Juventus Turin 2:1

Déi zwou Ekippe si relativ gemittlech an d'Partie gestart, wéineg Intensitéit op béide Säiten. Dat huet sech awer no den éischten 10 Minutte geännert, well an der 13. an an der 16 Minutt hat de Cristiano Ronaldo direkt zweemol d'Féierung um Fouss. An der 27. Minutt war et den Douglas Costa, deen de Ball esou just laanscht de Gol geschoss huet. Dono huet den Alex Sandro den Ngamaleu vun de Bee geholl an et gouf Eelefmeter fir Bern. De Guillaume Hoarau huet sech där Saach ugeholl an huet de Ball widder de Potto an erageschoss.

Den Hoarau konnt an der zweeter Hallschent esouguer nach eng Kéier zouschloen. Den Ngamaleu huet de Ball wonnerbar an de Laf vum Hoarau gespillt an deen huet de Ball aus 15 Meter an de Gol gehummert. Juventus huet awer nach net opginn an an der 80. Minutt konnten d'Italiener duerch den agewiesselten Dybala verkierzen. Um Enn huet den italienesche Champion sech dunn awer misse mat 1:2 geschloe ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.