FuttballAn der Coupe ass et ënner anerem Ettelbréck-Stroossen an F91-Munneref

Um Donneschdeg an der Mëttesstonn sinn d'Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg am Futtball gezu ginn.

Ettelbréck kritt et mat Stroossen ze dinn. Den F91 muss géint Munneref untrieden. De Gewënner aus der Partie Millebaach géint Biissen kritt et mat Nidderkuer ze dinn a Mäertert/Waasserbëlleg spillt doheem géint Rouspert.

D'Partië ginn den 3. Abrëll gespillt.

LINK: Den Iwwerléck vun der Coupe am Futtball

An der Coupe des Dames spillt Mäertert/Waasserbëlleg géint Mamer. D'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG kritt et mat Ell ze dinn. De Progrès muss géint Jonglënster untrieden an de Racing géint Beetebuerg.

D'Partië sinn den 20. Abrëll.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.