RallyesportSébastien Loeb fiert déi nächst Saison fir Hyundai

Den 9-fache Weltmeeschter soll 6 Weltmeeschterschaftsleef fir de koreaneschen Autoskonstrukteur fueren.

© AFP

Aus dem Rallyesport ass et d'Nouvelle, dass de Sébastien Loeb déi nächste Saison fir Hyundai un den Depart geet. En huet e Kontrakt vun 2 Joer bei der südkoreanescher Mark ënnerschriwwen.

De Fransous ass bis elo a senger Karriär just fir Citroën respektiv Peugeot gefuer.




Hie gëtt domatter Teamkolleg vum Belsch Thierry Neuville, dem Spuenier Dani Sordo an dem Norweger Andreas Mikkelsen.
De Loeb soll 6 Leef vun der Rallye-Weltmeeschterschaft fueren. Déi aner Leef sëtzt dann den Dani Sordo hannert dem Steier.

Mat der Ukënnegung, dass de Sébastien Loeb fir Hyundai fiert, war et dann och déi traureg Gewësseheet, dass den Neiséilänner Hayden Paddon fir déi nächst Saison kee Cockpit méi bei Hyundai kritt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.