WM am SchwammenJulien Henx iwwer 50 Meter Papillon op der 33. Plaz

Um 4. Dag vun der Schwamm-Weltmeeschterschaft a China huet de Julien Henx um Freideg iwwer 50 Meter Papillon no 23 Sekonnen an 63 Honnertstel ugeschloen.

© pressphoto (Archiv)

De Lëtzebuerger realiséiert iwwer 50 Meter Papillon domadder déi 33. Plaz ënnert 98 Schwëmmer. Fir eng Qualifikatioun fir d'Halleffinallen ass et deemno net duergaange fir de Lëtzebuerger. Hien hätt dofir ee Chrono vun 23 Sekonnen an 3 Honnertstel gebraucht.

Mat senger Zäit vun 23 Sekonnen an 63 Honnertstel bleift de Julien Henx nëmme knapp iwwert sengem nationalen Rekord vun 23 Sekonnen an 31 Honnertstel.